D’SREL-Kontrollkommissioun soll d’nächst Woch nees mat hiren Aarbechten weiderfueren. Dat huet eis de President faisant fonction, Alex Bodry confirméiert.

D’Gesetz hat jo misse geännert ginn, fir dass d’CSV kann een aneren an déi Kommissioun schécken, wéi de Fraktiounschef Jean-Claude Juncker. Am Prinzip schéckt d’CSV elo de Claude Wiseler an déi Kommissioun an dee soll dann och President ginn.

D’Regierung huet och weider un der Reform geschafft an den Alex Bodry rechent mat engem Gesetzprojet an den nächste Wochen. Den LSAP-Fraktiounschef ass der Meenung, dass d’Kommissioun och de Pouvoir muss kréien, fir extern Kontrollen ze ordonnéieren, wéi an der Belsch zum Beispill. Den Alex Bodry ass der Meenung, dass de SREL eng nei Chance verdéngt huet. Et dierft een där neier Equipe net op éiweg mat Mësstrauen begéinen.