Ëm Ouschtere kéint de Prozess Bommeleeër ënnerbrach ginn. Dat si mir aus Justizkreesser gewuer ginn.

Am Prozess gouf et e gewësse Flottement, um Dënschdeg. No de widderspréchlechen an incroyablen Aussoe vum Zeien Johny Michels, deem kee méi eng Fro stelle wollt, hat d'Riichterin d'Sëtzung schonn opgehuewen. Bis dunn de fréiere Police-Chef a nach fréier de Chef vun der brigade mobile, de Pierre Reuland an de Sall koum. Hien hat an engem separate Raum seng Depositioun gelies – d' Riichterin hat hien einfach vergiess – a wollt seng Aussoen dunn ënnerschreiwen, wat hien och gemat huet. An domat ass definitiv eppes ënnerwee, wat och aner fréier Gendarme concernéiert, explizéiert d'Lydie Lorang, well zanter e Méindeg sinn d'Plumitife vum Här Schockweiler bei den Untersuchungsriichter gaangen. Dee misst da kucken, ob e géint hien eng Inculpatioun wëll maachen oder net. Dat nämmlecht gëllt fir d'Häre Weydert a Reuland. Wann dat de Fall wier, misst dëse Prozess ënnerbrach ginn.An dat kann daueren, d'Enquête kënnen daueren. Eventuell mussen entretemps Riichter ausgetosch ginn. Et gëtt jo dann eventuell nei Ugekloten, an deenen hir Rechter missten sauvegardéiert ginn, dat heescht de Prozess misst eventuell vu vir erëm ufänken. Sollt dat dann net de Fall sinn, huet d'Lydie Lorang hiert Urteel prett. Et géif dann eng Violatioun vun de Rechter vun der Defense virleien. Wéi vun Ufank u gesot: de Prozess géint si Zwee ze féieren, ouni ze kucken, wien déi aner Responsabel sinn, kee Sënn mécht.

Ee Rappel: De Pierre Reuland huet Problemer wéint der avortéierter Observatioun op de Ben Geiben, géingt den Armand Schockweiler gëtt enquêtéiert, well hien eventuell Bewäisstécker vun der Affaire ewechgeholl huet an de Marcel Weydert huet sech a sengen Aussoen iwwer d'Casematten-Attentat esou a Kontradiktioune verstréckt, datt e Juge d'instruction kläre muss, ob hien dann elo do op der Plaz war oder net a firwat hien doriwwer esou komesch Aussoe gemat huet.

De Wee an déi grouss Prozess-Paus ass juristesch an administrativ verwuerelt

Der Rei no: peu à peu kritt de juge d'instruction Erny Nilles elo vum Geriicht déi ënnerschriwwen Depositioune vun den Zeien, déi sech selwer a Problemer erageschwat hunn oder wou et Contradictioune gëtt Et geet also virop ëm déi fréier Gendarmen Armand Schockweiler, Marcel Weydert a Pierre Reuland, mä och nach ëm anerer. Et kéint een do un de Colonel Charel Bourg denken, zum Beispill. Iwwregens war keen an der Justiz drop gefaasst, datt déi fréier Gendarme Schockweiler a Weydert an d'Laberente komme kéinten.

Déi genannte Depositiounen analyséiert de juge d'instruction Nilles a gëtt se dann un de Parquet weider, dat heescht un de Procureur Georges Oswald. An op deem Niveau ginn da wuel séier Conclusioune geholl, vläit eben och déi a verschiddene Fäll géingt potentiell Ugekloter weider ze enquêtéieren, wat dann erëm de juge d'instruction mécht. A just do läit de Punkt X, wou een och an der Justiz net gesäit, wéi de Prozess weidergoe kéint, notamment an de Fäll Schockweiler, Weydert a Reuland.

Well do ass een matzen am Zentrum vun der Affär Bommeleeër an et ass wéint den Defense-Rechter vun den 2 Ugeklote Scheer a Wilmes net méiglech weiderzemaachen, wann aner Ugekloter sollten an därselwechter Affär e Prozess gemaach kréien. Genee wéi déi potentiell nei Ugekloten d'Recht musse kréien, sech an de ganzen Dossier eranzeschaffen fir hir Defense.

Deen ominéise Punkt, wou den aktuelle Prozess misst ënnerbrach ginn, dee kéint virun Ouschteren oder no Ouschtere sinn.

Bis dohinner geet de Prozess wuel weider, mat notamment deem fir d'Defense esou wichtege Punkt "Stay behind", d.h. dem geheimdéngschtlechen a militäresche Volet.

D'Defense mengt jo, domat kéint een d'Attentater explizéieren.