Me Vogel: Jacques F. Poos soll als Zeie geruff ginn

© RTL (Archiv)
Fir den Affekot vum Ugeklote Marc Scheer kéint een och net an d’Déift vum Volet Stay behind goen, wann net all d’Dokumenter dovu virléichen.
Iwwerdeems den Ex-Offizéier Charel Bourg um Ufank vun der 145. Sëtzung, um Mëttwoch, am Bommeleeër-Prozess present war, fir seng Depositiounen z’iwwerliesen, huet de Me Vogel gefrot, dass ë.a. de fréieren Ausseminister Jacques F. Poos nach als Zeie soll geruff ginn.
Fir den Affekot vum Ugeklote Marc Scheer kéint een och net an d’Déift vum Volet Stay behind goen, wann net all d’Dokumenter dovu virléichen.
Net déi richteg Arméiskëscht
Dono koum et zur Konfrontatioun tëscht dem Findel-Zeie Robert Schommer, senger Fra Edda di Leonardo an dem Réimecher Fierschter Jean-Marc De Waha; deen hat gesot, hie kéint deemools an der Géigend vum Fluchhafe vun der Koppel gesi gi sinn. Nodeems d'Koppel Fotoen aus där Zäit vum Fierschter virgeluecht krut, sot de Robert Schommer, hie kéint dee Mann net op der Foto erëmerkennen. Den Auto an d'Kleedung kéinten zwar déi richteg sinn; et wär awer net déi richteg Arméiskëscht.
Op d'Fro vum Me Vogel, ob de Fierschter d'Missioun vum Palais krut, fir viru Geriicht opzetauchen, sot de Mann, hien hätt sech gemellt op Grond vun engem Zeitungsartikel; hien hätt sech ugesprach gefillt a gemengt, dat kéint op hien zréckfalen. Hien hätt deemools an der Stad gewunnt, an dee Wee hätt um Wee geleeën.
Ënner Drock gesat? "Bis elo nach net!"
De Me Vogel wollt du vum Robert Schommer wëssen, ob dee Problemer mat enger Baugenehmegung hätt. De Robert Schommer sot, hie kéim net heihin, fir fir iergendeen ze léien! D'Riichterin Sylvie Conter huet du gefrot, ob de Robert Schommer vun engem ënner Drock gesat gi wär. "Bis elo nach net!", sot de Findel-Zeien. Och fir seng Fra Edda di Leonardo hätt dee Mann, dee si deemools gesinn hätten, net sou ausgesi wéi de Fierschter! De Jean-Marc de Waha huet betount, d'Weeër do kannt an deen do benotzt ze hunn, fir aner Schung unzedoen; hien hätt do keng Ronne gedréit!
Domat war d'Sëtzung eriwwer!