Den Zeie sot, en hätt och Fotoen am Optrag vum Srel gemaach. An den Antoine Feidt sot, d'Carrièrë wieren deemools net gutt geséchert gewiescht.

De fréiere Fotograf vum Luxemburger Wort war no deene meeschten Attentater als Foto-Reporter op der Plaz, dorënner och d'Kasematten.

Sibenaler: Weydert net op der Plaz

Do hätt ee Polizist an Zivil hien an de Journaliste-Kolleg net bäi gelooss, sot de Lé Sibenaler. Hien hätt duerno awer Fotoe gemaach a kann sech nach erënneren, datt do och eng vun den zwee Ugeklote Scheer a Wilmes dobäi wor. "Ech wor iwwerrascht, wéi lo op eng Kéier déi Diskussioun opkoum, datt nach een drëtten do soll dobäi gewiescht sinn", sot de Fotograf an huet an deem Kontext den Ex-BMG-Mann Marcel Weydert gemengt, dee jo bekanntlech viru Geriicht gesot hat, hie wier de Mann nieft dem Marc Scheer op der Foto gewiescht.

Dernieft huet de Lé Sibenaler gemengt, datt de Marcel Weydert iwwerhaapt net sur place wor.

Nom Attentat zu Heeschdref hätt de Fotograf eng Foto vun engem jonke Borscht gemaach, deen an der Géigend vum Pylône duerch de Bësch spadséiert war. Hie kinnt sech nach gutt un dee Moment erënneren, well en duerno mat engem Polizist rop bei de Pylône gefuer wier. De Polizist wier du vum Colonel Bourg vernannt ginn, well e Journaliste matbruecht hat.

Sibenaler: Fatze Pabeier ware Reschter vu Luxite-Verpackungen

De Lé Sibenaler konnt sech awer net méi erënneren, wéi de jonke Mann am Bësch ausgesinn hat. "Ech weess net, ob en e Rucksak dobäi hat. En huet op de Buedem gekuckt", sot de Lé Sibenaler, deen den Dag drop erëm mam Journalist Josy Lorent op d'Plaz gefuer war. "Do huet den Här Lorent mer gewisen, wat e fonnt hat: Fir mech waren dat just Fatze Pabeier", sou de fréieren LW-Fotograf. Gemengt wore Reschter vu Luxite-Verpackungen, déi bei der Explosioun wech gesprengt goufen. Hie kinnt sech awer net erënneren, datt do nach intakt Staangen dobäi woren.

Sibenaler: Srel wollt Fotoe vu Spectateuren

Bei enger anerer Geleeënheet wier de Fotograf vun engem Här Lugen kontaktéiert ginn, fir nom nächsten Attentat och Fotoen ze maache vu Spectateuren. De Parquet confirméiert, datt deen Här Lugen ee Mataarbechter vum Srel gewiescht wier. E wier awer zënterhier verstuerwen. "Ech hunn di Fotoen dann och gemaach an dem Mann déi och ginn. Mir haten ons do um Fräiheetsbam getraff. Dat wor um hallwer 12, moies", sot de Lé Sibenaler - eng Demarche, déi fir d'Riichterin net sou ongewéinlech wier fir Ermëttler. "Ongewéinlech ass just de Fait, datt de Srel bis elo just Zeitungsausschnëtter gesammelt wëll hunn an dëser Affär", sot d'Riichterin Conter.

Procureur: Roll vum Srel?

De Procureur Oswald wollt net esou richteg gleewen, datt den Här Lugen de Fotograf einfach aus dem Himmel eraus ugeschwat hat, fir Fotoe ze maachen. "Do muss et dach eng Virgeschicht ginn. Et wier interessant ze wëssen, wat do geschwat ginn ass an wéi et dozou koum", sot den Georges Oswald. "Ech hunn den Här Lugen kannt, well ech alt fir d'Wort Fotoe gemaach hu vun der Festung Lëtzebuerg. Den Här Lugen huet sech do gutt auskannt", huet de Lé Sibenaler erkläert.

Den Procureur wollt sech mat där Äntwert net zefridde ginn: "Dat huet dach implizit bedeit, datt de Srel sech méi ëm déi Affär gekëmmert huet, wéi en dat bis lo zouginn huet", sou de Georges Oswald.

Sibenaler: Offizéier hunn haart gelaacht

"Jo, en huet jo och lo net genau gesot, wéini dat da wier. Et konnt jo kee wëssen, datt et zéng Deeg duerno rëm geknuppt huet", sot de Lé Sibenaler. Um Owend vum 9. Oktober 1985 wier hie mam Journalist Josy Lorent um Wee fir op den Empfang vum Bëschof gewiescht, wéi et an der Staat geknuppt hat.

Hie kinnt sech nach erënneren, datt si den Offizéier dat am Sall erzielt haten, déi dunn haart gelaacht hunn. Dorënner de Marc Zovilé. "Soss kann ech mech lo net erënneren, ween nach do wor", sou de Lé Sibenaler.

"Dat ass dach onerhéiert", sot den Me Vogel.

Sibenaler: Vum Zovilé an den 2. Stack geschéckt

Well d'Offizéier net séier reagéiert hunn, wier hien du mam Josy Lorent an d'Staat bei d'Geriicht gefuer. Do hätt en dann déi Fotoe vun den Spectateure gemaach, bis de Marc Zovilé – den Offizéier vum Déngscht – hinnen sot, se solle mol bis an den zweete Stack vum Geriicht kucke goen, wéi et do ausgesäit. "Als Journalist léisst ee sech dat net zweemol soen. Haut géing ech dat awer net méi maachen", sot de Lé Sibenaler.

Op Nofro vum Me Elvinger sot de Fotograf, datt e vum Roger Lugen 100 Frang krut fir déi Fotoen.

D'Negativen vum Lé Sibenaler leien am Archiv vum Luxemburger Wort. D'Ermëttler hunn d'Fotoe schonn an hirem Dossier a konnten se an der Sëtzung weisen.

Antoine Feidt: Carrièren net gutt geséchert

Duerno war et um Tour vum Antoine Feidt.

An de Carrières Feidt waren 1984 an 1985 honnerte Kilo Luxite geklaut ginn. Den Antoine Feidt huet ausgesot, datt déi Carrièren deemools net gutt geséchert woren. "Do konnt jiddereen erafueren deemools", sot den Antoine Feidt. Den Affekot Gaston Vogel huet net laang ronderëm de Bräi geschwat an gefrot, wéi den Antoine Feidt sech erkläert, firwat hien an der "Opinion publique" als Bommeleeër gehandelt gouf. "Wéi erkläert een eng Rumeur?", sot den Antoine Feidt. "Ech hunn dat an der Zeitung gelies. Ech hunn deemools op groussem Fouss gelieft, war vill am Gespréich", sot den Zeien, mä den Gaston Vogel war net zefridden. "Wou Feier ass, ass och Damp", sot den Affekot an huet ugedeit, datt "de Feidt" jo och gutt mam Prënz Jean war. "Ech hunn de fréiere Prënz Henri kannt, vum Sport hier. Mä de Prënz Jean net", sot den Zeien.

Antoine Feidt: Moulins Nicki kannt ...

De Me Vogel huet och nom Laurent Thies gefrot, engem Mann, deen ugehal gouf an engem Auto voller Waffen a Munitiounen. "Dir hutt deen aus de Laurentiden zu Buurschent kannt. Dee war mat Iech dach op der Juegd", sou de Me Vogel. Den Antoine Feidt sot awer, datt en de Mann net kennt. Op d'Famill Moulin vu Buurschent ugeschwat, sot den Zeien, datt en den Ermëttler viru puer Joeren gezielt hat, datt en d'Famill Moulin vun Dikrech net kannt hätt. Hien hätt awer den "Moulins Nicki" kannt vu Buurschent, huet den Zeien dunn awer zouginn. Den Nicki Moulin wor Famill mam Proprietaire vum Weekend-Haus zu Buurschent, dat den 12. Abrëll 1985 gesprengt gouf.

"Ech hunn den Nicki kannt, et war e gudde Frënd, mir hunn en och mat op d'Juegd geholl. Mä ech kennen dat Haus net, ech war net un deem Haus interesséiert an ech wollt dat Haus och net kafen", sot den Antoine Feidt.

Antoine Feidt: Fangerofdréck net verglach

"Waart Dir en excellente Frënd vum Erkennungsdéngschtler Raymond Wagner?", wollt den Me Vogel nach vum Zeie wëssen. "Den Här Wagner war ee Frënd vum Haus. Ech hunn en och e puer Mol gesinn, mä ech géif en lo keen excellente Frënd nennen", sot den Zeien. Hien hätt de Beamten och bei der Spuresécherung no den Abréch an de Carrièrë gesinn. D'Riichterin wollt nach wëssen, op deemools Fangerofdréck vun de Sprengstoffbunkere mat de Fangerofdréck vu Mataarbechter verglach goufen. Dat wier awer net de Fall gewiescht, sot den Antoine Feidt.

De Procureur huet och nach gefrot, ob den Zeien och déi Häre Geiben a Kolber kannt hat. "Den Här Geiben hunn ech net kannt, den Här Kolber sollt mer eng Kéier virgestallt ginn, well en och un Immobiliegeschäfter interesséiert war. Et kann sinn, datt ech en mol gesinn hunn“, sot den Zeien.

Domadder war den Zeien och entlooss an d'Sëtzung gouf opgehuewen.

Bommeleeër-Prozess: 146. Dag
Ex-LW-Fotograf Lé Sibenaler: Offizéier hunn haart gelaacht