2 Deeg si virgesi fir d'Lecture vun der Audienz vum 18. Dezember vum Prosper Klein, Armand Schockweiler, Patrick Heck, Aloyse Harpes a Charles Bourg.

Moere Kascht um Méindeg am Bommeleeër-Prozess: De Greffier liest just d'Protokoller vir aus der Sëtztung vum 18. Dezember d'lescht Joer.

Dat war deemools ëmmerhin eng memorable Seance. De fréiere Juge d'instruction Prosper Klein hat sech mat de fréiere Gendarmen Armand Schockweiler an Aloyse Harpes ugeluecht an hinnen allen zwee reprochéiert, deemools hir Aarbecht net uerdentlech gemaach ze hunn. Et war deemools alles schif gaang an der Enquête, den Untersuchungsriichter war aus der Enquête erausgehale ginn an de Prosper Klein war iwwer déi sëlleche Kontakter vun der Gendarmerie mat dem FBI net informéiert ginn. A wéi de Prosper Klein nei capabel Enquêteure sollt kréien, du sinn déi séier versat ginn.

Wéi gesot: Alles scho gesot den 18. Dezember am Prozess an haut nach eng Kéier virgelies. De But vum Exercice ass jo Plainten ze preparéieren - Plaintë géint den Armand Schockweiler an den Aloyse Harpes.

De Colonel Charel Bourg sollt um Méindeg och seng Aussoe virgelies kréien; hien huet sech awer krank gemellt.

Bommeleeër-Prozess, 147. Dag
Um Méindeg an Dënschdeg gëtt gelies

De Rescht vun der Woch

E Mëttwoch sinn dann als Zeie geruff: Laurent Hurt/Nadine Rausch (Konfrontatioun), Charles Biltgen, Milan Klouda, Marie-Louise Besenius, Marcel Reiter, Franz Hermes a René Grethen.

Um Donneschdeg kënnt et zur Konfrontatioun Fernand Ruppert/Pierre  Kohnen/Michel Gretsch an als weider Zeie si geruff Robert Weigel, Marco Karrenberg a Germain Weydert.