Gouf de fréiere Gendarmerie-Kommandant Aloyse Harpes vu Geheimdéngscht-Leit ofgelauschtert?

Um Dënschdeg gouf am Prozess weider "gelies":

Et goung ëm déi Prozessdeeg, wou zur Sprooch komm war, datt de fréiere Gendarmerie-Kommandant Aloyse Harpes eventuell vu Geheimdéngscht-Leit ofgelauschtert ginn ass.

De SREL-Chef Patrick Heck war jo doriwwer befrot ginn a konnt déi Aktioun net esou richteg gleewen. Mä hien an den Aloyse Harpes hate bei engem Glas Wäin doriwwer geschwat.

AUDIO: D'Defense-Affekotin Lydie Lorang iwwer de Lecture-Exercice

Um Mëttwoch geet de Bommeleeër-Prozess normal mat enger Rei Zeie weider.

Bommeleeër-Prozess, 148. Dag
Lecture, zweeten Deel ...