Geiben, Prënz Jean, verdächteg Persounen, interessant Zeien

Ganz spuenesch ass jiddwerengem am Geriicht en aneren Detail virkomm: Déi eeler Koppel wier vum Camille Hellinckx indemniséiert ginn, well si waren Nopere vum Camille Hellinckx an haten och Schued un hirem Haus. Firwat awer den Notaire Hellinckx si sollt indemniséiert hunn, dat misst explizéiert ginn.
Um Findel goufe virun den Attentater Persoune gesinn, de Ben Geiben soll eng komesch Aussoe gemaach hunn an eng Zeie krut gesot, näischt ze soen ...
Um Ufank vun der 149. Sëtzung am Bommeleeër-Prozess, um Mëttwoch, huet den Zeie Charel Biltgen ausgesot.
Dee sot, dass hien als Basket-Arbitter mol Matcher vum Ben Geiben gepaff hätt; deen hätt dacks amerikanesch Schweessbännecher ugehat. De Ben Geiben hätt als Erklärung ginn, do eng Formatioun matgemaach ze hunn, fir hei am Land eng Spezialunitéit opzebauen; zu deem Gespréich wär et wuel Enn der 70er Joer komm.
Soss hätt de Ben Geiben keng Detailer dozou ginn.
Wéi den Zeien deen eng Kéier frot, ob hie Chancen hätt, fir Chef vun där Unitéit ze ginn, hätt dee geäntwert: "Neen, mä dat wäerte se bereien!" Doriwwer eraus hätten déi zwee Männer ni méi iwwert d'BMG geschwat.
Dono war et um Tour vum Milan Klouda, dee Gerant vun der Aerogare zur Zäit vun den Attentater war, fir auszesoen. Deem sengen Aussoen no wären 1985, wuel ee Mount virum duebelen Attentat do, Persoune bei de Kerosinsdepôte vum Findel ronderëm geschlach; fir den Zeie wären dat wuel zwee Leit gewiescht, déi de Site ënnert d’Lupp geholl hätten.
E Gardien wär vu Leit vun Esso ausgaangen; et hätt sech awer erausgestallt, dass dat net de Fall war. No den Attentater hätt d'Arméi d'Kontroll dovun iwwerholl, an net virun den Attentater, wéi en aneren Zeien an engem Verhéier sot.
D'Zeie Marie-Louise Besenius dann huet deklaréiert, eng Koppel ze kennen, déi um Cents gewunnt huet. Am Zesummenhank mam Attentat op d’Haus vum Notär Hellinckx hätt si mat de Leit geschwat; déi hätten ugefaangen dovun z’erzielen a betount, si wären erféiert gewiescht an hätte Schued gehat. Op eemol hätt d’Fra gesot: "Soll ech et soen, dass ech e gesinn hunn?" Doropshin hätt si gesot, si hätt de Prënz Jean gesinn.
D'Fra wär deen Dag ënnerwee gewiescht an heemkomm; et wär kee Mënsch op der Strooss, bis op enger Plaz, wou ni een eraus koum, een eraus komm wär. Déi Persoun wär gekleet gewiescht, wéi een net gekleet wär bei deem Wieder, an si hätt se aus der Zeitung kannt; d'Zeie wëll verstanen hunn, wéi wann deen Tëschefall den Dag vum Attentat geschitt wär an domat ze di gehat hätt.
D'Zeie selwer wär erstaunt doriwwer gewiescht; fir d'Fra wären och fir d'éischt Gendaarmen an Uniform an dono der an Zivil bei se komm, woubäi een hinnen nogeluecht hätt, kengem dat ze soen. Déi Koppel wär déi Zäit och kloer am Kapp gewiescht. Op d'Fro un d'Leit, ob se Schuedenersatz kritt hätten, hätten d'Leit gesot: "Jo, vum Hellinckx." Dat konnt de Me Vogel net novollzéien.
D'Zeie sot, de Prënz Jean wär och scho mol Deeg virdrun do an der Géigend gesi ginn.
Den Zeie Franz Hermes, deen zur Zäit vum Attentat am Héichhaus um Kierchbierg geschafft huet, souz am Pressebar, wéi et geknuppt huet; ë.a. wären den Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes do gewiescht. Nom Knuppert wäre se dunn all erausgelaf. Den Auto, aus deem Sprengstoff erausgehäit gouf, hätt dem Zeie senger Meenung no misse gesi ginn; hien an aner Leit hätten och erzielt kritt, dass d'Autobunn ofgespaart war! Hien hätt och en Auto gesi fortfueren; allgemeng wär gesot ginn, et hätt ee se kritt, ma méi hätt hien net dozou héieren.
Den Zeie René Grethen hat de Jos Steil iwwert d'Protection civile kenne geléiert. Dee wär alt mol mat Leit op de Stauséi Exercicer maache gaangen; eng Kéier hätt dee Jos Steil him en Auto gewisen, dee bis ënnert den Daach voll war mat Sprengstoff. De Jos Steil hätt him gesot, hie géif op Bitche a Frankräich domat trainéiere goen; en hätt awer och terribel gedronk.
Fir de René Grethen wären d’Leit, déi mat op déi Exercicer op de Stauséi goungen, iwwregens weider Gendaarme gewiescht.
Als leschten Zeie gouf de Marcel Reiter gehéiert: Hie war zur Zäit vun den Attentater Directeur des services vun der Gendarmerie an Directeur adjoint vun der Police. De Mann sot, op Wonsch vum Minister Marc Fischbach wär e Groupe des adjoints aus Gendarmerie, Police, Arméi a SREL gegrënnt ginn; dee sollt sech ë.a. Gedanke maachen iwwert d'Bommeleeër-Affär. D'Relatiounen am Grupp wären awer net harmonesch gewiescht an de Grupp dofir séier gestuerwen, no 2 bis 3 Reuniounen; dem Zeien no wär dee Groupe des adjoints iwwerflësseg gewiescht, wann et en zolitte Groupe d’enquête ginn hätt. Dee Groupe des adjoints hätt näischt u Piècë kritt, well de Secret d’instruction drop loung.
De Procureur Georges Oswald huet ze bedenke ginn, dass den Aloyse Harpes dem Grupp seng Missioune reduzéiert, d.h. gebremst hätt. De Colonel hätt just wëllen eng Lëscht vu potenziellen Attentatsziler virgeluegt kréien.
Dobäi gouf et déi dem Marcel Reiter no schonn, soudass dat der Saach net gehollef hätt.
Op d'Fro vun der Riichterin Sylvie Conter, ob den Zeien eng Erklärung fir dat Behuelen hätt, sot deen, et hätt een dat gemaach, wat gesot gouf; dat wär deemools sou gewiescht. "Wann de Colonel Harpes eppes sot, da war dat sou!", huet den Zeie betount.
De Marcel Reiter wär a senger Zäit an der Gendarmerie, bis Oktober 1985, op e puer Plaze vun Attentater gewiescht; hien hätt do näischt vun der Observatioun an der Commission rogatoire internationale op de Ben Geien matkritt, an och näischt dono. Et wären déi Zäit scho Rumeure gelaf iwwert de Grënner vun der Brigade mobile als Bommeleeër; et wär gesot ginn, hie wär gaange ginn, vläicht wéinst senger Homosexualitéit, vläicht well alles him ze kleng gi wär. Hien hätt kee Problem mam Ben Geiben gehat, mä dee wär a sengen Ae fäeg dozou gewiescht. De Colonel Harpes hätt sech dogéint op de Ben Geiben ageschoss. De Marcel Reiter dann hätt, nodeems hie bei d'Police gewiesselt wär, näischt méi mat der Enquête ze di gehat.