Verdächteg Jeep, verdächteg Aussoen ... vum Pierre Reuland

De Pierre Reuland / © RTL-Archiv
Um Donneschdeg goung et ënnert anerem ëm d'Attentat op e Pylône zu Beidler an ëm kompromettant Aussoe vum Ex-Police Chef Pierre Reuland.
De Germain Weydert war den éischten Zeien en Donneschdeg um 150. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess, deen eng Ausso ze maachen hat am Zesummenhank mam Attentat zu Beideler.
De Mann hat am Virfeld dovu gesinn, dass do op engem Chemin rural eng gro Jeep vun der Marque Nissan stoung; et hätt e grousse sportleche Mann dra gesiess vun ëm déi 40 Joer. Den Zeie selwer wär deen Dag zréckkomm an nach emol fortgefuer, an deen Auto wär nach ëmmer do gewiescht; seng Fra hätt den Auto dono och nach op där Plaz gesinn. Den Dag vun der Explosioun wären hien a seng Fra no engem Iessen an engem Restaurant heemkomm, wéi et geknuppt huet; de Pylône hätt hien den aneren Dag gesinn do leien.
"Wéi en Idiot"
Der Police hat de Mann kuerz drop seng Observatioun matgedeelt, mat zum Deel och der Plackennummer vum Auto. Hien hätt vun der Police gesot kritt, dass déi dat iwwerpréift hätt; dee Mann hätt bei der BIL geschafft. Hie wär sech virkomm wéi en Idiot an och net gehéiert ginn; d'Polizisten hätten dat vläicht net gewollt. De Mann am Auto hat dee Pylône ganz genee am Bléck, deen eng 300-500m vum Auto ewech war; fir hie souz e Guetteur am Auto, an d'Jeep huet den Zeien net méi erëm gesinn.

Den Zeie Marco Karrenberg huet ausgesot, den Offizéier Charel Bourg wär regelméisseg op de Commandement vun der Arméi bei de Colonel Brück Kaffi drénke komm; déi zwee wäre ganz gutt Kollege gewiescht. Am Prinzip war dat eng Saach vun enger hallwer Stonn; fir den Zeie war de Charel Bourg ëmmer schrecklech nervös, an e wär heiansdo moies scho regelrecht eragestiermt komm. Wann Zaldote mol Pylônë bewaacht hunn, hätten hien, deen an der Kiche war, a seng Kollegen do dat matkritt.
Als leschten Zeie vum Nomëtte gouf de fréiere Polizist Robert Weigel gehéiert, deen ë.a. Chef vun deene Leit war, déi zu Fëschbech op de Grand-Duc opgepasst hunn.
"Bis op ee Punkt"
Den Ex-Policechef Pierre Reuland hätt, eventuell am September/Oktober 2006, an enger Formatioun ugefaangen, iwwert d'Bommeleeër ze schwätzen; dobäi wär de Saz gefall, et kéint ee souvill enquêtéieren, wéi ee wéilt, et kéim ee bis op ee Punkt, an da kéim een net weider. Fir den Zeie seet ee jo net einfach sou eppes; hien hätt sech gefrot, wéi deen dat wéisst, ma hie selwer hätt d'Impressioun gehat, dass dee wéisst, vu wat e schwätze géif. Donieft hätt de Pierre Reuland erzielt, et wär jo kengem eppes geschitt, d'Affär hätt och hiert Guddes gehat an d'Police dovu profitéiert; si hätt villes bäikritt, souguer en Helikopter.
Den Zeien hätt och eng Kéier gesot kritt - wuel tëscht 1986 an 1990 -, dass metalle Beweisstécker vun den Attentater fort komm wären; et wär eng Kéier e Camion komm, dee se opgelueden a se op d’Schmelz bruecht hätt, wou d'Stécker verschwonne wären. Den Uerder, fir dee Camion ze ruffen, misst wuel vun uewe komm sinn, an et wéisste wuel nach Leit eppes, déi näischt soe géifen, sou de Robert Weigel.
Dem Geriicht no sollt et dowéinst zu enger Konfrontatioun tëscht dem Zeien an dem Pierre Reuland kommen.
"Ee ganz Cleveren"
Den Zeien huet ganz um Enn nach vun enger Diskussioun, op engem Abschied, mam Marc Scheer geschwat; deen hätt him gesot, de Bommeleeër wär e ganz Cleveren, an do kéim ni eppes eraus.
Iwwregens: Déi nächst Woch ass Paus am Bommeleeër-Prozess. E Méindeg, 31. Mäerz geet et dann nees weider. Mat 151. Dag.