SREL-Kontrollcommissiouns-President wëll méi e rouegen Debat

D'Geheimdéngschtkontrollkommissioun vun der Chamber war um Donneschdeg eng éischte Kéier no de Wahlen a kompletter Konstellatioun zesummen.
D'Gesetz hat bekanntlech misse geännert ginn well de Jean-Claude Juncker net wollt Member vun der Kommissioun ginn. Als President gouf wéi erwaart den CSV-Vizefraktiounschef Claude Wiseler designéiert. An de leschte Wochen war d'Aarbecht e bëssche leie bliwwen. Elo huet d'Kommissioun sech en Agenda ginn, sot de Claude Wiseler. Fir d'éischt misst de Budget vum Service gekuckt ginn. Da wëll ee sech och eng Kéier mam Service gesinn, well jo elo vill nei Memberen an der Commissioun sinn.
Den nächste Mount sinn 3 Reunioune virgesinn. An enger spéiderer Phas soll d'Kommissioun dem Claude Wiseler no ee mol de Mount fir e puer Stonnen zesumme kommen. D'Kontrollkommissioun muss och de Suivi vun den Aarbechten vun der SREL-Enquêtekommissioun maachen. Op der Reform vum SREL gëtt awer an der Institutiounekommissioun geschafft.
D'Diskussiounen iwwert de SREL sollen nees op e rouegen Niveau zréckkommen, sou nach de Claude Wiseler deen ënnerstrach huet datt d'Land e Geheimdéngscht brauch.