"Schattenkrieger der NATO" Sujet an ZDF-Reportage

An der Emissioun „Frontal 21“ um ZDF an an engem Reportage, direkt dono, op ZDFInfo gouf sech direkt zweemol mam däitsche Reseau vu Stay behind beschäftegt
Dës Widderstandsorganisatiounen, déi am Fall vun enger Invasioun duerch d'Sowjettruppen ë.a. Sabotageaktiounen duerchféiere sollten, si jo och e Sujet am Bommeleeër-Prozess heiheem.
Am 44 Minutte laange Reportage mam Titel „Stay behind: Die Schattenkrieger der NATO“ goung et ëm den Opbau, an de 50er Joren, vum däitsche Reseau vun dësen arméierte Partisanegruppen, déi et a ganz Europa gouf a vun deenen déi national Parlamenter näischt wossten, bis zu senger Opléisung am Joer 1991. De Schwäizer Historiker a Stay behind-Expär Daniele Ganser seet, datt d'Briten an d'Amerikaner no 1945 an enger Rei Länner eng Geheimarméi opgebaut hunn. Si hu misse kënne mat Waffen a Sprengstoff ëmgoen.
Op enger Europakaart gouf dann och Lëtzebuerg als Land mat engem Stay behind-Reseau duergestallt. Am Reportage koum donieft e fréiere Member vun deem däitschen Reseau zu Wuert, deen net frou doriwwer ass, dass d'Existenz vun de Widderstandsorganisatiounen iwwerhaapt bekannt gouf. Doriwwer hätt ni ee geschwat, wann d'Italiener aus hirem Reseau net eng Zort Mafia-Organisatioun gemaach hätten.
Am Reportage vu Frontal 21 da gouf Stay behind indirekt mam Attentat, am September 1980, op d'Oktoberfest zu München a Verbindung bruecht. Deemools waren duerch d'Explosioun vun enger Bomm 13 Leit ëm d'Liewe komm an der iwwer 200 zum Deel uerg verwonnt ginn. D'Poliss koum an hirer Enquête relativ séier zur Konklusioun, dass de rietsextreme Student Gundolf Köhler, deen de Knuppert net iwwerlieft hat, eleng fir d'Attentat responsabel war. Säi Motiv wär Frust gewiescht an net seng rietsextrem Gesënnung, an dat trotz Zeienaussoen, déi an eng aner Richtung gewisen hunn.
An Dokumenter zum Attentat, déi den däitsche Bundesnachrichtendienst elo fräiginn huet, geet dovu Rieds, dass Membere vun der rietsradikaler „Wehrsportgruppe Hoffmann“ an italienesch Neonazie kuerz virdrun am Libanon an engem Terrorcamp waren: Dobäi wär iwwer méiglech Attentater an Däitschland an an Italien geschwat ginn. Der Spuer vun der „Wehrsportgruppe Hoffmann“, an där de Münchner Bommeleeër eng Zäit Member war, an där vun engem méigleche Kompliz, dem rietsextreme Fierschter Heinz Lembke, bei deem grouss Quantitéite Sprengstoff a Waffe fonnt gi waren, wären d'Enquêteuren och net nogaangen. De Journalist Tobias von Heymann sot, datt de Rapport vum Parquet vun engem "Partisanenführer Lemke im Fall eines sowjetischen Angriffs" schwätzt. Dat wier d'Aufgab vu Stay behind gewiescht.
D'ostdäitsch Stasi hat dee Fierschter, deen iwwregens dout a sénger Prisongszell fonnt gouf, just ier hien auspake sollt, dann och als wahrscheinleche Member vum däitsche Stay behind identifizéiert.
An dës zwee interessant Reportagë sinn op der Internetsäit zdf.de ze fannen.