No enger Woch Paus geet et vläit spannend weider

An der Woch vum 31. Mäerz ass ënnert anerem de Marc Fischbach als Zeie geruff an de Visionnage vun enger "audition hypnose" steet um Programm.
De Bommeleeër-Prozess geet um Méindeg also weider mat enger Rei vun interessanten Zeien. Dee Wichtegsten ass den Arméiminister aus de Bomme-Joeren, de Marc Fischbach.
En Ausbléck op hien als Zeien, mat de Sujeten FBI-Rapport an Insider-Spur, vum Nico Graf.Viru bal genee 7 Joer, den 20. Abrël 2007, ass den Zeie Marc Fischbach vun der Untersuchungsriichterin Doris Woltz gehéiert ginn. Vill koum dobäi net eraus, mä een Ablack gëtt et awer en interessante Moment am Gespréich. De geneeë Verbatim ass dësen:
Question:
Concernant la personne des présumés auteurs des attentats pouvez-vous expliquer votre déclaration:
"et waren der vun Iech, déi net zefridden waren"
à l'adresse des enquêteurs de la Police?
Réponse:
J'ai fait cette déclaration vraisemblablement dans un contexte bien determiné, mais je n'ai certainement pas visé directement une personne.
Am Kloertext, an op Lëtzebuergesch: d'Untersuchungsriichterin ass informéiert, datt de Marc Fischbach unhëlt, Insider aus de forces de l'ordre hätten d'Attentater gemaach, an zwar där, déi net zefridde waren. De fréiere Minister gëtt zou, dat gesot ze hunn an zwar an engem präzise Kontext, mä hien hätt keng präzis Persoun viséiert mat senger Remarque. Dat wier normalerweis den Ufank vun engem interessante Gespréich gewiescht tëscht der juge d'instruction an dem Marc Fischbach, mat Froen wéi:
Wat war dann de Kontext? Wéi hutt der Är Remarque gemengt? Wat hunn d'Enquêteuren Iech geäntwert? Wat wollte si méi vun Iech wëssen? Wann Dir kee perséinlech viséiert, u wéi e Groupe hutt Dir da geduecht mat Ärer Remarque? An däers méi.
Mä all déi Froe ginn net gestallt oder net notéiert oder se sinn der juge d'instruction iwwerflësseg virkomm, en halleft Joer ier déi haut Ugeklote Scheer a Wilmes als inculpéiert "geout" gi sinn.
Ëmmerhin: d'Gespréich ass weidergaange mam Sujet Ben Geiben, iwwer deen hat de Marc Fischbach d'Rumeur héieren, an duerno geet et iwwer den ominéisen FBI-Rapport. De Marc Fischbach hätt dee vum SREL kritt, zesumme mam Justizminister Robert Krieps an d'Original wier un de Premier Jacques Santer gaangen. De Marc Fischbach huet doriwwer bal näischt ze soen, just, datt hien dee Rapport vraisemblablement un d'services compétents de la gendarmerie weiderginn hätt. Am Abrëll 2012 hat de Marc Fischbach eis an engem Interview dëst gesot:
"Ech muss soen, dass déi Geschicht do ufänkt surrealistesch Ausmoossen unzehuelen. Ech hunn dee Bericht do ni gesinn a weess haut nach net, wat an deem Bericht dra steet. Dee Bericht soll jo angeblech am Joer 2010 jo nees opgetaucht sinn. Hätt ech deemools, preoccupéiert wéi ech iwwer déi ganz Affaire war, dee Bericht do gelies, hätt ech direkt Kontakt mam Commandant de la Gendarmerie opgeholl, fir vun him déi néideg Explikatiounen ze héieren a fir him och eng schrëftlech Positioun anzefuerederen... ech hätt direkt reagéiert!"
"An där Affaire hei ass alles méiglech! Et sinn hei manifestement och Leit um Wierk gewiescht, déi méi Interêt haten d'Spuren ze verwëschen wéi Spuren nozegoen. Ech sinn enttäuscht, ech sinn hannergaange ginn, ech hunn d'Impressioun dass do ganz vill Leit hir Aarbecht net gemaach hunn... déi hunn eng aner Aarbecht gemaach..."
All déi ugeschnidde Froen dierften e Méindeg am Nomëtten am Prozess ventiléiert ginn. Ob de fréiere Minister vun der force publique dann och Froen iwwer Stay Behind gestallt kritt? - no enger Woch Paus geet de Prozess vläit spannend weider.
Um Freideg hat d'Justiz de provisoresche Programm fir d'Prozesswoch vum 31. Mäerz bis den 3. Abrëll matgedeelt:
Lundi, le 31 mars 2014 – témoins – Marc Fischbach, Henri Knepper, Charles Elsen, Josy Simon
Mardi, le 1er avril 2014 – témoins – Bernard Ehmann, Eloi Jossa
Mercredi, le 2 avril 2014 – confrontation Pierre Kohnen/Fernand Ruppert/Michel Gretsch, visionnage interview Bob Gredt, visionnage audition hypnose Michel Maniglier
Jeudi, le 3 avril 2014 – lecture confrontation du 19 décembre 2013 (Pierre Reuland/Guy Stebens/Armand Kaudé/Georges Zenners/AlainThill)