En Zeien hält de Ben Geiben op d'mannst fir de "Mann derhannert". An d'Defense krut Stay-Behind-Infoen iwwert de Papp vum Geheimdéngschtchef Patrick Heck.

De Me Vogel huet e Méindeg de Mëtten, um Ufank vun der 151. Sëtzung am Bommeleeër-Prozess, zwou Konklusioune virgeluecht.

Engersäits huet den Defense-Affekot e Bréif kritt vun engem Ex-Stay-behind-Member, dee schreift, de Papp vum SREL-Chef Patrick Heck wär ee vun den Offizéier-Coordinateure vum Stay behind gewiescht; de Mann wär zu Mons affectéiert gewiescht, vu wou d'Uerdere komm wären. An deem Kontext sollt een enquêtéieren iwwert d'Roll vum Papp vum Patrick Heck.

Anerersäits soll dem Me Vogel no de Film „Stay behind: Die Schattenkrieger der NATO“, deen d'lescht Woch op ZDF-Info ze gesi war, an enger Sëtzung gewise ginn.

Zeien: Geiben wollt Alibi

Als éischten Zeie vum Dag gouf de Josy Simon gehéiert, dee Sécherheetschef vun RTL zur Zäit vun den Attentater war an och Ex-Deputéierten. D'RTL-Sendere wären e méiglecht Zil vun den Attentäter gewiescht; dofir hätt hie Leit a Gebaier missen ofsécheren. Et wäre vun RTL vill Suen an d'Sécherheet investéiert ginn; ë.a. wär pickegen Drot ronderëm d'Villa Louvigny geluecht ginn an d'Personal hätt e Badge kritt. Hie selwer wär 5 Mol vun den Enquêteure gehéiert ginn, an dat well ëmmer nees Piècë verschwonne wären.

D'Riichterin Sylvie Conter huet betount, et géif awer am Dossier nëmme Spure vun zwou Auditioune ginn.

De Josy Simon sot och, dass hie bei de Procureur d’Etat Jean-Marie Hary gaange wär nom Attentat op de Geriichtspalais. Hien hätt de Ben Geiben dono an engem Café am Gronn gesinn; kuerz drop wär en zweete Mann erakomm, si wären net laang bliwwen a separat fortgaangen. A sengen Aen hätt de Ben Geiben, deen hie kannt hätt, en Alibi do gesicht. Dee Ben Geiben hätt neist Erkenntnisser wëllen ëmsetzen, wär awer net géint de Gendarmerie-Kommandant Jean-Pierre Wagner ukomm, deen näischt vu sengem Kuch hätt wëllen ofginn. De Ben Geiben wär den intelligenteste Mann an der Gendarmerie gewiescht an hätt aus Frust d'Attentater gemaach; wann hien net selwer Bommeleeër war, da wär hien de Kapp hannendru gewiescht. Schliesslech hätt et da geknuppt, wann de Ben Geiben zu Lëtzebuerg war; fir de Josy Simon konnt de Bommeleeër och nëmmen en Insider sinn.

Dem Josy Simon no hätt dee Ben Geiben e sëlleche Frënn gehat, hätt hien 2004 mam Ex-Untersuchungsriichter Jean-Mathias Goerens iwwert d'Bommeleeër-Affär geschwat a missten déi kriminell Verschwörer hannert den Attentater op der Uklobänk sëtzen. Donieft huet sech den Ex-Deputéierten d'Fro gestallt, aus wat fir enger Keess déi 87 Millioune Frang bezuelt goufen, déi de Prënz Jean soll kritt hunn, fir d’Land ze verloossen.

De Ben Geiben hätt RTL wuel net viséiert, well e gewosst hätt, wéivill Suen do an d'Sécherheet investéiert gi wären, sou de Josy Simon, fir deen hie selwer an RTL och Menacë kritt hätten.

De Procureur d’État Jean-Marie Hary an den Untersuchungsriichter Jean-Mathias Goerens hätten hien och gefrot, ob et net hätt kënnen de Prënz Jean sinn. Hie sot, hie kéint sech dat net virstellen; hie geet éischter vum Ben Geiben als Auteur vun den Attentater aus. Hien hätt och nom Attentat an de Kasematte 4 Leit an der Péitrus gesinn, an hie wéisst net, ween et war, huet de Josy Simon erkläert.