Ex-Offizéier: Repressalië vum Policechef?

Interessant Konfrontatioun tëscht dem Pierre Kohnen, dem Fernand Ruppert an dem Michel Gretsch.
Um Ufank vun der 153. Sëtzung, e Mëttwoch, am Bommeleeër-Prozess huet den Ex-BMG-Member a potenziellen Ugeklote Marcel Weydert seng d’lescht Woch iwwerliesen Depositiounen ënnerschriwwen.
Dono koum et zur Konfrontatioun tëscht dem Pierre Kohnen, dem Fernand Ruppert an dem Michel Gretsch.
Den Ex-Offizéier Pierre Kohnen huet virop erkläert, dass hien an der Policeschoul kee Cours méi halen däerf; dat wär eng Repressalië vum Direkter Romain Nettgen géintiwwer deenen, déi am Prozess aussoen, an dofir géif keen um Geriicht Deklaratioune maachen.
De Fernand Ruppert vun der Police judiciaire sot, hie wär bei där Entrevue tëscht dem Pierre Kohnen an dem Michel Gretsch am Joer 1995 iwwer Stay behind dobäi gewiescht. Hien huet betount, de fréieren Armurier Henri Flammang wär e kranke Waffesammler gewiescht wéi anerer och; ë.a. hätt sech d'Fro gestallt, ob dee Member vum Stay behind war.
De Pierre Kohnen huet sengersäits ënnerstrach, dass et am Ganzen zu 3 Entrevuë mam Arméi-Colonel Michel Gretsch koum; dobäi wär ë.a. iwwer Gladio/Stay behind rieds gewiescht.
Fir de Fernand Ruppert koum et iwwerdeems nëmmen zu zwou där Entrevuen.
De Pierre Kohnen huet ënnerstrach, dem Michel Gretsch ugeruff ze hunn; deen hätt ee Moment gezéckt, hien awer ëmfaangen. De Pierre Kohnen huet d'Impressioun, dass jidderee vum Stay behind wosst, just den Etat-major vun der Arméi net, ma et hätt een definitiv iwwer Gladio/Stay behind diskutéiert.
Dem Michel Gretsch no gëtt et dogéint just d'Spuer vun enger Entrevue mam Pierre Kohnen; hie wéisst, dass dee bei him war, et kéint sinn, dass hie mam Pierre Kohnen iwwer Stay behind geschwat hätt, mä hien hätt deem keng Karteikaarte gewisen.
De Pierre Kohnen wëll op eegen Insistenz hin déi Karteikaarte gewise kritt hunn; ë.a. hätt de Beruff vun deene Leit drop gestanen. Hie selwer wollt wëssen, ob Polizisten oder Gendaarmen drënner waren, an et wär keng Lëscht gewiescht.
D'Riichterin Sylvie Conter huet gemengt, déi zwee Männer wäre sech jo bewosst, dass dat net iwwerenee passe géif. Un de Michel Gretsch war et d'Fro, ob dee sech u sou eng Kartei erënnere kéint.
De Michel Gretsch sot, sou eng wär wuel vum SREL gemaach ginn; et misst een déi Leit froen, ob se eng un hie weiderginn hätten.
D'Riichterin Sylvie Conter wollt wëssen, ob de Michel Gretsch vläicht aner Karteie gewisen hätt.
"Ech hat keng!", huet de Michel Gretsch geäntwert.
De Michel Gretsch huet um Enn nach emol ervirgestrach, dass hien dem Pierre Kohnen näischt gewisen hätt!
D'selwecht wéi de Marcel Weydert eng Stonn virdrun huet dunn den Ex-Colonel Aloyse Harpes seng iwwerliesen Depositiounen ënnerschriwwen.
Fischbach: Wosst vu Problemer
Dono war et um Marc Fischbach, Arméiminister zur Zäit vun den Attentater, fir auszesoen.
Deem seng éischt Suerg wär gewiescht, d'Bommeleeër ze kréien, an déi zweet, potenziell Attentatsziler z’iwwerwaachen. Et hätt d'Theorie an der Hierarchie vun der Force publique ginn, dass een d’Auteuren in flagranti misst erwëschen. Hien hätt gehofft, dass d'Enquêteure gutt schaffe géifen, a wosst vu Problemer an der Gendarmerie, z.B. tëscht dem Enquêteur Paul Haan an dem Colonel Aloyse Harpes; mat deem hätt hien zum Deel ganz hefteg Diskussioune gehat.