Geplangt: Robert Biever vs Marc Fischbach

De Marc Fischbach
Am Bommeleeër-Prozess kënnt et zu enger Konfrontatioun tëschent dem Procureur général Robert Biever an dem fréieren Arméiminister Marc Fischbach.
Dat huet d'Riichterin Sylvie Conter um Donneschdeg op Gronn vun enger Conclusioun vum Maître Vogel decidéiert.
De Marc Fischbach hat sech um Mëttwoch scho fir esou eng Konfrontatioun bereet erkläert; hie wëll mam Robert Biever iwwer deem säi Statement streiden, Leit an héije Positioune wéisste méi iwwer d'Bommeleeër, wéi se soe géifen.

De Robert Biever
Zwou aner Conclusioune vum Maître Vogel hu keng direkt Suitten. De Gaston Vogel wollt sougenannt Aktennotize fir null a nichteg erkläert hunn; an hie wollt, datt sollt gekläert ginn, ob déi ganz Bommeleeër-Affär net eng militäresch Affär wier, déi also vun engem Militär-Tribunal misst gekläert ginn. Déi zwee Volete ginn op de Fong joignéiert.
Am Prozess sinn um Donneschdeg d'Protokolle vun den Auditiounen iwwer d'Observatioun Ben Geiben virgelies ginn. Do hat et jo widderspréchlech Aussoe ginn, notamment vu Geheimdéngschtleit géint de fréiere Police-Chef Pierre Reuland.
De Prozess mécht elo 14 Deeg Paus a geet no Ouschtere weider.