Pierre Kohnen aus der Police-Schoul gemobbed?

D'Affaire Bommeleeër suergt weider fir Schued an der Police. An dësem Fall beim renomméierten Enquêteur Pierre Kohnen.
Deen huet als Zeien am Prozess ausgesot a gëtt elo, mengt hien, vun der Police-Schoul fortgemobbed, wou hie Coursen hale sollt.
De Pierre Kohnen ass 61 Joer al, hien ass zanter dem Februar an der Pensioun, sollt awer wéi bis ewell weider Coursen halen op der Police-Schoul. Dat kann de Pierre Kohnen mat Dokumenter beweisen, an deene steet, datt an der Police-Schoul mat him als Enseignant geplangt ginn ass. An enger E-Mail goufen him Stonne matgedeelt, déi hien am Juli hale sollt. Mä stënterlech war et domat eriwwer, de Pierre Kohnen krut e penibele Coup-Telefon. De Schouldirekter huet him misste matdeelen, dass de Romain Nettgen dem Personaldirekter gesot huet, dass en net méi wéilt, dass de Pierre Kohnen Schoul hale soll.

Wat war geschitt? Ganz einfach, seet de Pierre Kohnen, hien hat am Bommeleeër-Prozess ausgesot an dat hat dem Rom, dem Police-Chef Romain Nettgen, net gefall.
"Vergiesst net, mir sinn am Kontext vum Bommeleeër-Prozess an am Bommeleeër-Prozess gëtt méi gelunn, wéi d'Wourecht gesot gëtt. Ech perséinlech hu probéiert alles dat ze soen, wat ech wosst.", esou de Pierre Kohnen um Mikro vum Nico Graf.
Déi meescht Offizéier sinn haut eeler Hären, déi de militäreschen Drill aus der Ära Harpes nach voll mat kritt hätten a si géifen net verdroen, wann do een ass, dee selwer denkt an dat seet wat e weess.
D'Police-Direktioun huet iwwregens eng aner Wouerecht: de Pierre Kohnen géif net méi zefriddestellend schaffen, soe si, hunn dat awer eréischt no sengem Optrëtt am Prozess gemierkt.