Aus der Geheimdéngschtaffär vum leschte Joer ginn d'Konsequenze gezunn an de SREL vu Grond op reorganiséiert.

An dem Sënn huet de Premier Xavier Bettel d'lescht Woch den dofir néidege Gesetzprojet deposéiert. Déi intern an déi extern Kontrolle gi verschäerft an d'Responsabilitéit läit an Zukunft net méi eleng beim Staatsminister, mä och beim Justizminister an dem zoustännege Minister vun der Sécherheet.

Ganz nei ass donieft och, dass ee Beamten, dee vum Premier genannt gëtt, souwuel bei de Sitzunge vum Comité Interministeriel wéi och bei den Direktiounssitzunge vum SREL dobäi ass, wann organisatoresch Punkte vum Geheimdéngscht diskutéiert ginn. An dës Persoun mécht och Rapport an der parlamentarescher Kontrollkommissioun.

An enger éischter Reaktioun weist sech de President vun dëser Komissioun, den CSV Vize-Fraktiounschef Claude Wiseler, zefridden a sot, dass dëst d'Gesetz an déi richteg Richtung geet an endlech deen néidege gesetzleche Kader geschafe gëtt.

De Claude Wiseler huet nach drop higewisen, dass trotz all de verschäerfte Kontrollen, déi agefouert ginn, de Prinzip vun der ministerieller Responsabilitéit och weiderhi beim Staatsminister muss leien.

D'SREL-Kontrollkommissioun koumdann och um Freideg direkt zweemol beieneen, eng Kéier moies an dann nach emol mëttes.

Méintelaang konnt jo ënnert anerem wéinst den Neiwahlen net geschafft ginn ... dat gëtt dann elo nogeholl.

Véier Deputéiert haten e geheimdéngschtlechen Dag: d'Viviane Loschetter, den Eugène Berger, den Alex Bodry an de Claude Wiseler sinn an der SREL-Kontroll-Kommissioun iwwer déi aktuell Situatioun informéiert ginn a waren de ganze Nometten erduerch beim SREL op der Escher Strooss fir de Service vu bannen kennenzeléieren. De Claude Wiseler sot, hie wier iwwerzeegt, datt d'Leit vum SREL eng wichteg Aarbecht fir d'Land maachen.

Déi Lénk warnen virun enger politescher Police
De Serge Urbany analyséiert a kritiséiert de Gesetzesprojet deen de SREL reorganiséiert.