Marc Fischbach: Et gouf "Stay behind" zu Lëtzebuerg
Den Ex-Minister an de Procureur général d'État Robert Biever ware sech awer net eens an der Fro, ob een déi, déi eppes wësse mussen, muss mam Numm nennen.
Am Bommeleeër-Prozess koum et den Dënschdeg de Mëtten, um Ufank vum 155. Sëtzungsdag, zur Konfrontatioun tëscht dem Procureur général d’Etat Robert Biever an dem deemolege Force-publique-Minister Marc Fischbach. Dobäi geet et ëm d'Ausso, zejoert viru Geriicht, vum Robert Biever, héichgestallte Leit vun deemools misste wëssen, ween d’Bommeleeër waren.
De Robert Biever huet widderholl, dass hien d'Impressioun net géif lass ginn, et géif héichgestallte Persoune ginn, déi wéissten, ween d’Bommeleeër waren. Hie kéint awer keng Nimm drop setzen, hätt keng Kategorie gemengt a keen Numm genannt. Dass sech de Marc Fischbach doriwwer geiergert huet, obwuel säin Numm net genannt gi wär, wär net nozevollzéien, sou de Procureur général; hie kéint awer net soen, dee jo, deen neen. Et wär just eng Deductioun vun him aus verschiddene Faiten.
Politesche Prozess?
Dem Marc Fischbach no misst de Robert Biever jo awer wëssen, wat en domat gemengt huet; dofir misst hie soen, wat hie wéisst. Schliisslech géifen de Moment zwee Prozesser lafen, an zwar een heibannen an een dobaussen an der Ëffentlechkeet. Et kéint een awer näischt am Raum stoe loossen, sou den Ex-Minister.
De fréiere Politiker huet no e bëssen Hin an Hier nach gemengt: "Wa mer hei wëllen e politesche Prozess maachen, da musst Der dat soen!"
Net all Mënsch!
Fir de Robert Biever hätt hien zu kengem Moment en Organissem, e Beruff oder en Numm genannt. Doropshin huet hien e puer Beispiller genannt, déi hien zu deem Raisonnement bruecht hunn: "Firwat léisst de Colonel Wagner säi Büro no Wanzen duerchsichen? Firwat seet de Pierre Reuland e puermol, et kéim ee bis op e gewëssene Punkt, an da kéim een net weider?" Souvill Inkompetenz wéi ronderëm d’Attentat op de Geriichtspalais géif et net ginn. Donieft hätt de Colonel Harpes de Code d’instruction cirminelle ausser Kraaft gesat, Maueren opgebaut an Informatiounen hätten nëmmen iwwer hien däerfe lafen, ausser beim Attentat op de Palais de Justice!
Nodeems de Marc Fischbach erkläert huet, de Robert Biever géif all Mënsch viséieren, sot dee vehement Neen!
Keen Zeenario ausschléissen, mä ...
De Robert Biever huet ervirgestrach, dass 18 Joer op d'Pièce zum Debriefing iwwert d’Observatioun op de Ben Geiben gewaart gouf; et hätt een alles gemaach, fir dass dës Affär sollt opgekläert ginn, och wann an der Justiz eng Rëtsch Saachen net riicht gelaf wären.
De Marc Fischbach huet erkläert, hie géif keen Zeenario ausschléissen, mä hie géif awer ausschléissen, dass d'Regierung iwwer sou eng Monstruositéit informéiert war, och wann d'Theorie vun der Defense kéint an Erwägung gezu ginn. Hie selwer wär ni ugeschwat gi vun der NATO, fir sou en Accord ofzeschléissen; et wär awer richteg, dass et e Stay behind zu Lëtzebuerg gouf.
De weidere Programm:
Mercredi, le 23 avril 2014 – témoin – Joël Scheuer (volet Stay behind)
Jeudi, le 24 avril 2014 – témoin – Mario Schmitz
Weider 25 Audiencë virgesinn
No Ouschteren soll et elo esou am Bommeleeër-Prozess weidergoen, dat huet d'Justiz wëssen gedoen:
Mardi, le 22 avril 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Mercredi, le 23 avril 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Jeudi, le 24 avril 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Lundi, le 28 avril 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Mardi, le 29 avril 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Mercredi, le 30 avril 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Lundi, le 5 mai 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Mardi, le 6 mai 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Mercredi, le 7 mai 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Jeudi, le 8 mai 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Lundi, le 12 mai 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Mardi, le 13 mai 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Mercredi, le 14 mai 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Jeudi, le 15 mai 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Lundi, le 19 mai 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Mardi, le 20 mai 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Mercredi, le 21 mai 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Jeudi, le 22 mai 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Lundi, le 26 mai 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Mardi, le 27 mai 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Mercredi, le 28 mai 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Lundi, le 2 juin 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Mardi, le 3 juin 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Mercredi, le 4 juin 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10
Jeudi, le 5 juin 2014 de 15h00 à 18h00 – salle TL 1.10