Télévie 2014
Grouss Stee fir "d'Affaire Bommeleeër"-Bild
Grouss Stee fir "d'Affaire Bommeleeër" Bild, maacht mat!
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Den anonyme Kënschtler “Don” huet en iwwerdimensionaalt Bild mat dräi vun den Haaptprotagoniste vum Bommeleeër Prozess gemoolt.
D'Stee ass ofgeschloss
Um Bild sinn de Me Gaston Vogel, de Me Lydie Lorang an de Procureur Général Robert Biever ze gesinn. Allen dräi hunn d’Bild och perséinlech signéiert. D’Bild “d’Affaire Bommeleeër” gouf nach bis de 26. Abrëll Owes 20h00 zu Gonschte vum Télévie versteet. D’Aktioun gouf organiséiert vu “Golden Arts” an si beschreiwen d’Bild esou: “Ee Bild fir d’Éiwegkeet vun enger Affaire fir d‘Éiwegkeet oder eng éiweg Affaire. Genee esou grouss wei déi Affaire ass dat Bild (2m x 1,5m).”
Déi héchst gebueden Offer louch bei 10.500 Euro an d'Stee ass eriwwer!
Am meeschte gelies