Um Mëttwoch gouf et Kritik vum Me Vogel an der Me Lorang un den Aussoe vum Enquêteur Scheuer. Am Fokus: de Volet "Stay Behind".

Um Ufank vum Sëtzungsdag hunn d'Defense-Affekote virop d'Aussoe vun en Dënschdeg vum Enquêteur Joël Scheuer kritiséiert. Si schwätzen ë.a. vu Manipulatioun.

De Me Vogel huet ervirgestrach, dass dem Schwäizer Historiker Daniele Ganser no d'belsch Cellules communistes combattantes fir 27 Attentater responsabel gemaach gi wären; dobäi wären dës Zelle vu Rietsextremen opgebaut ginn, fir d'Kommunisten ze diskreditéieren. Dat hätt den Enquêteur en Dënschdeg net gesot. Dem zejoert verstuerwenen italienesche Premier Giulio Andreotti no hätt d'NATO deemools a ganz Europa Terror gemaach; dee wär vun der CIA orchestréiert ginn.

D'Me Lorang huet ervirgehuewen, dass et zur Zäit vum 1984er Ösling-Manöver zu engem Attentat op eng Kasär zu Vielsalm an der Belsch koum. D'CCC wären net domat a Verbindung ze bréngen, a kuerz dono wär et zu den éischte Knupperte vun de Bommeleeër komm.

De Me Vogel huet ze bedenke ginn, dass den Ex-Premier Jacques Santer eng Kéier sot, et sollt hei am Land keng Partei de Bak opdoen, well et wär jiddereen implizéiert.

Fir d'Me Lorang wär de Fluchhafen e kruziaalt Element fir d'Nato a fir d'Amerikaner gewiescht; et wär dann och zu méi enger grousser Iwwerwaachung vum Findel no den Attentater do komm.

An den Ae vun den Affekote vun den Ugeklote läit dofir eng tendenziell Enquête vum Joël Scheuer vir.

Esou geet et virun

Ier den Enquêteur Joël Scheuer mat sengen Ausféierungen zum Volet Stay behind fortfuere konnt, huet de Procureur Georges Oswald de Kalenner vun de Sëtzunge vun den nächste puer Woche presentéiert. Déi Zäit ginn ë.a. SREL-Leit, e fréieren an den aktuelle Generalsekretär vun der Chamber an deemoleg an aktuell Politiker gehéiert.

Weydert a Schockweiler geschwënn op Uklobänk?

Donieft huet de Procureur preziséiert, dass hien "an absehbarer Zukunft" Konklusiounen zéie géif, wann den Untersuchungsriichter a puncto Marcel Weydert an Armand Schockweiler eng Decisioun geholl huet, spréch ob dës Leit mat op d'Uklobänk kommen oder net.

Stay behind: "Plan" zu Lëtzebuerg

De Joël Scheuer huet a sengen Ausféierungen iwwert de Stay behind op Perquisitiounen an der Chamber, am Aussen-, am Staatsministère a beim État-major vun der Arméi higewisen, fir un Informatiounen iwwert de Stay behind ze kommen. Den Enquêteur huet betount, dass net de SREL-Chef Charel Hoffmann, mä e gewëssene Pierre Schiltz de Responsable vum "Plan" war, der Lëtzebuerger Versioun vum Stay behind; dee Mann gëtt e Méinde gehéiert. Déi maximal 12 Membere vum "Plan" hu sech net ënnereneen däerfe kennen, an et ware Leit vun alle Borden, sou de Joël Scheuer.

Dem Enquêteur no gëtt et och keen Inventaire vu SREL-Dokumenter zum Stay behind, an et wär vill geschreddert ginn.

Lëscht vun den Zeien fir déi aner Woch
Méindeg – Zeien– Jean Kuffer, Guy Wagner, Pierre Schiltz, Roland Girres

Dënschdeg - Zeien – Lucien Dislaire, Lucien Bram

Mëttwoch - Zeien – Gilbert Leurs, Frank Schneider

Bommeleeër-Prozess, 156. Dag
Defense: Tendenziéis Enquête! Manipulatioun!