"Stay behind" weider um Menu

Am Bommeleeër-Prozess huet um Donneschdeg e fréieren Zaldot ausgesot; den Enquêteur Joël Scheuer war verhënnert.
Den Ex-Zaldot Mario Schmitz hat zejoert e Rapport eraginn iwwer den ominéise WSA-Exercice um Krakelshaff am Joer 1981, mat deem Stay behind a Verbindung bruecht gi war. Den Zeie sot, 1980 bis 1983 bei der Arméi gewiescht ze sinn; hie wär ausgewielt ginn, fir bei deem Exercice matzemaachen, an hätt net vill driwwer gesot kritt, bis op eng Telefonsnummer fir den absoluten Noutfall an topografesch Kaarten. De Mann wär als Chauffeur agesat ginn an hätt op eemol ugeruff a gesot kritt, op de Fluchhafen ze goen; do hätt ee sech him virgestallt a gesot, hie wär vun de Special forces. Si wären a Richtung Mamer gefuer; ënnerwee hätt de Mann gesot, hie wär Logistiker, Leit vun him sollte parachutéiert ginn, eng Stopp sichen, en Exercice bei der WSA maachen a si sollten onopfälleg dohi bruecht ginn.Den Dag drop wäre si zesummen op de Krakelshaff gefuer, an de Mann hätt Fotoe gemaach. Den Dag dono wäre si enzwousch higefuer an hätte 4 Leit agesammelt; déi hätte sech dunn d'WSA ugekuckt. Du wär et zum Dag vum eigentlechen Exercice komm. Tëscht Mamer an Dippech hätt hien dës Leit opgelueden, sou de Mario Schmitz; a séngen Ae sollte si d'Sécherheetsmoossname bei der WSA checken an eppes hannerleeën, fir eng Prouf ze hunn, dass si dobanne waren an dass d'Sécherheet net geklappt hätt. Hien hätt gesot kritt, si no enger Zäit sichen ze kommen an net méi wéi zwou Minutten ze waarden; wéi hien zu Betebuerg blo Luuchte gesinn huet laanscht fueren, hätt hie geduecht, d’Leit wären an eng Fal gelaf. Hie wär op de Krakelshaff gefuer, ma et wär kee komm an hie wär weidergefuer; hie wär nach emol kucke gaangen, an et war nach ëmmer keen do. Doropshin hätt hien op den Härebierg ugeruff a gesot kritt, et wär effektiv eppes schif gaangen an den Exercice wär eriwwer. Hien hätt nach gesot kritt, mat kengem doriwwer ze schwätzen; fir hie war dat Ganzt e militäreschen Exercice mat NATO-Partner, an hien hätt a sénger Arméizäit ni eppes vu Stay behind gesot kritt.
Fir den Enquêteur Carlo Klein ware sou Exercicë bei der WSA keen Eenzelfall; hien hätt vu Polisskollege gesot kritt, dass si un d'Häerz geluegt kruten, sech vum Krakelshaff ewech ze halen.
De Mario Schmitz huet betount, nëmmen eemol bei sou eppes dobäi gewiescht ze sinn. Hie wär doriwwer eraus just bei engem NATO-Manöver an Dänemark dobäi gewiescht, wou hien déi eng Woch fir d'Territoiresécherung zoustänneg war, iwwerdeems déi aner Woch Krichsspiller gemaach goufen.