Dokumenter, Informatiounen, Verschwörungstheorien

© RTL
Um Méindeg stoung alt nees eng Kéier de Volet "Stay behind" um Ordre du jour ...
Um Ufank vun der 158. Sëtzung, um Méindeg, huet de fréieren Offizéier Charel Bourg seng Depositioune viru Geriicht ënnerschriwwen.
Doropshin huet de Procureur Georges Oswald erkläert, dass d'Verbatimmen dovu bei den Untersuchungsriichter goe géifen.
Nodeems de Me Vogel festgehalen huet, dass de Stay behind eng Struktur am SREL war, ass den Enquêteur Joël Scheuer mat sengen Ausféierungen zum Stay behind weider gefuer.
Dobäi huet hie gemengt, dass d'Defense geklauten Dokumenter virgeluecht hätt.
D'Me Lorang huet erkläert, si hätten déi vum Laurent Hurt kritt.
Nodeems de Joël Scheuer betount huet, d'Defense hätt 2007 och Informatioune vum fréiere Chauffeur vum Ex-Premier Jean-Claude Juncker, Roger Mandé, kritt, huet de Me Vogel gefrot, ob hei de Prozess vun der Defense géif gemaach ginn.
Doropshin huet den Enquêteur vun enger Verschwörungstheorie vum André Kemmer zu enger Implikatioun vum Licio Gelli an d’Attentater geschwat. Den André Kemmer an de Fränk Schneider hätte Stay-behind-Dokumenter zesummegedroen a Konklusiounen doraus gezunn, wat reng hypothetesch Iwwerleeunge gewiescht wären; déi Hypothees hätte si dem viregte Staatsminister Jean-Claude Juncker zesumme mam Marco Mille virgedroen.
D'Riichterin Sylvie Conter huet sech an deem Kontext gefrot, firwat si grad dem Premier déi presentéiert hunn.
Den Enquêteur huet nach ënnerstrach, dass dem SREL-Chef Patrick Heck no d'Erpresserbréiwer vun de Bommeleeër en nationale Charakter an näischt mam Stay behind ze dinn haten.
Op d'Fro vum Me Vogel, ob de Papp vum Patrick Heck de Chef vum Lëtzebuerger Stay behind war, sot de Joël Scheuer Neen; dozou wär och eng Enquête am Gaangen.