De Stay-behind-Lëtzebuerg hat kee Volet Sabotage, dat sot de Chef vun deem Reseau am Bommeleeër-Prozess, de Jean Kuffer vum SREL.

De Jean Kuffer huet ganz detailléiert Renseignementer ginn iwwer säi Stay-behind-Netz, de sougenannte PLAN. Kee wosst eppes vun deem aneren, se hate Radioen. Se hate Coden. Et gouf eng Cache mat Waffen. Se hate Louis d'or, wa se der gebraucht hätten. Se haten topographesch Kaarten. Se hate geléiert ze baliséieren, fir wann eppes oder een nuets op enger Wiss sollt landen oder sollt ofgeholl ginn.

Et ware ganz wäertvoll Leit, sot de Jean Kuffer, esou kostbar als Resistenzler am Krich géint de Feind, datt ee si op kee Fall hätt wëllen a Gefor bréngen. Dat war dem Jean Kuffer säin Argument, firwat déi Leit vum PLAN keng Ausbildung mat Explosiffe gehat hätten: Et hätt ee si als Kontakter gebraucht mat der Regierung, déi jo am Exil gewiescht wier. Hien, de Chef, hat eng kuerz Formatioun mat Sprengstoff kritt. An dowéinst gleeft de Gaston Vogel net, datt d'PLAN-Leit déi Formatioun net haten, firwat wieren déi Leit soss op London geschéckt ginn, fir dat ze léieren. Dat wier onverständlech an dowéinst hätt een och e Verbatim gefrot.

Och de Procureur Oswald huet de Verbatim gefrot, wuel well ee bis ewell nach net esouvill iwwer déi Stay-behind-Leit héieren hat ewéi gëscht am Prozess, zweiwellos eng Lacune an der Instruktioun. Den Här Oswald hätt jo zouginn, dass den Dossier net instruéiert ass.

Et wiere vill Dokumenter geschreddert ginn am SREL, hat 2008 d' Parlaments-Kommissioun festgestallt. De Jean Kuffer sot, hien hätt um Enn vun all Woch säi Pabeierkuerf geschreddert. No 1990 hätt et Panik, Duercherneen an eng gespaante Situatioun ginn beim SREL. De Gaston Vogel fënnt déi Informatioun fundamental, dat war nämlech déi Opreegung, well vill Leit gefaart hunn, se géingen hire Kapp verléieren. A wat d'Geschredders ubelaangt, et ass alles fort.

De Jean Kuffer vum SREL kënnt en Dënschdeg erëm als Zeien an de Prozess, zesummen mat zwee weidere Geheimdéngschtkollegen.