Stay behind: "Keng Opreegung, keng Ramboen"

Um Ufank vun der Sëtzung um Dënschdeg ass et virugaange mat der Auditioun vum Jean Kuffer.
De fréiere SREL-Agent sot, eng Kéier en Optrag vum Gendarmerie-Chef Colonel Wagner kritt ze hunn. Am Büro vum Colonel Harpes hätt e Funktelefon um Dësch gestanen, sou de Jean Kuffer, obwuel kee sou en Telefon an engem Sall ze sinn hat, an deem et zu confidentielle Gespréicher koum; dat wär alles ofzelauschtere gewiescht. Hien hätt e Rapport gemaach an erkläert, deen Telefon misst do eraus; hie weess awer net, ob doropshin eppes geschitt ass. Donieft hätt et och doudeg Leitungen an deem Büro ginn, wat och en "No-Go" gewiescht wär. De SREL hätt matgehollef an hie selwer hätt eng Kéier nuets vum Staatsrot aus eng Iwwerwaachung vu Gebaier gemaach, bei där och Zaldoten dobäi gewiescht wären.
De Stay behind wär komplett ofgekapselt gewiescht, ma et wär ni dovu rieds gaangen, dass e mat den Attentater a Verbindung war, sot den Ex-SREL-Agent. Hie wéisst net, ob auslännesch Truppen hei aktiv waren, an et hätt keng speziell Opreegung am Stay behind ginn nom Attentat um Findel.
Fir de Jean Kuffer, deen och zoustänneg war fir Ecoutten, wäre keng gemaach ginn am Kader vun der Bommeleeër-Affär; a sengen Aen hat dat domat ze dinn, dass de Geheimdéngscht net mat an d’Boot geholl gi wär. D'Gendarmerie hätte hiren eegene Poste d’écoute gehat, wär d'Material dofir awer bei de SREL siche komm; de fréiere SREL-Agent wosst allerdings net firwat, mä dat wär regelméisseg virkomm. Hie wosst och näischt vun enger Ecoute op de Colonel Harpes, vum Härebierg aus; dat wär awer net auszeschléissen.
Wat d'Iwwerwaachung vum Staatsrot ugeet, hätten déi Concernéiert eng Wiss ze bewaache gehat, huet de Jean Kuffer erkläert; déi hätt wuel zum hënneschten Deel vum Geriichtspalais zou geleeën. Wann eppes Opfälleges geschitt wär, hätte si iwwer Funk Alarm solle ginn; déi Observatioun hätt sech op eng Nuecht limitéiert, hie wéisst net, wéini et war, mä et war kal gewiescht, sot de fréiere SREL-Agent.
Zu der Kontroll vum Büro vum Colonel Harpes wär et komm, well aus Briefinge Saachen no bausse gedronge wären; et wär een dovun ausgaangen, dass an deem Büro oder an engem Konferenzraum eng Wanz war, an et wär alles am Detail gekuckt ginn, huet de Jean Kuffer um Enn vu senger Auditioun betount.
"Keng Ramboen"
Dono war et um Tour vum aktuelle SREL-Agent Guy Wagner, fir auszesoen. Dee Mann war vun 1983 bis 1990 am Stay behind an huet sech v.a. mat Technik befaasst; hien hat seng Formatioun ë.a. an England kritt. Hie selwer hätt keng Leit rekrutéiert, an et hätt ee keng Ramboe gewollt, déi d’Land kéinten an d’Luucht sprengen. D'Leit vum Stay behind hätten eemol de Mount trainéiert a sollten am Noutfall Informatiounen un d'Regierung am Exil ginn.
De Guy Wagner huet ënnerstrach, och näischt vun Écouten am Kontext vun der Bommeleeër-Affär ze wëssen; beim SREL wär allerdings Rieds gaangen iwwert d'Attentater. De SREL-Agent ka sech un eng Iwwerwaachung vum Staatsrot erënneren; et wär do ëm en Objektschutz wéinst der Angscht vun enger Attack dorop gaangen. 1990 du wär et zu enger Konfusioun an zu Spannunge komm wéinst enger Ausso vum Premier Jacques Santer, deen ugedeit hat, de Stay behind hätt illegal geschafft.
No der Sëtzungspaus huet de Me Vogel ervirgehuewen, dass hie mam Jean Kuffer an de Staatsrot wéilt kucke goen, wat dee vun do aus bewaacht hätt; schliisslech wären deem seng Aussoen d'Confirmatioun vun deene vum Offizéier Pierre Kohnen. Doropshin huet d'Riichterin Sylvie Conter gemengt, fir d’éischt sollte mol d'Enquêteure Carlo Klein a Joël Scheuer zesumme mam Jean Kuffer dohi goen.
Radio a Waffen, ma kee Sprengstoff a keen Thema
Um Enn vun der Sëtzung zou gouf nach de fréiere SREL-Agent Pierre Schiltz gehéiert, deen 1983 vun der Arméi bei de SREL koum. Haaptaufgabe vum Stay behind wären de Renseignement plus d'Ex- an d'Infiltratioun vu Leit gewiescht; hien hätt keng Formatioun kritt, wär awer, op Nofro hi vum Me Vogel, 1986 fir en Exercice op Sardinien gewiescht. D'Leit vum Stay behind hätten ni méi bäibruecht kritt wéi mat Radioen ze schaffen; an enger Stopp am Norde vum Land wären och just Waffe gewiescht a kee Sprengstoff. Hie selwer wär fir Reuniounen op Bréissel gaangen an hätt näischt matkritt vu speziellen Aktivitéite vum SREL am Kader vun der Bommeleeër-Affär.
Och wären d’Attentater zu Lëtzebuerg am Stay behind keen Thema gewiescht, sou de Pierre Schiltz, fir deen et 1990 fir d'Politik sou ausgesinn hätt, dass do komesch Saache gedréint gi wären; dobäi hätten d'Politiker an de Jore virdrun d'Material vun de Stay-behind-Leit gewise kritt.
Och wären d’Attentater zu Lëtzebuerg am Stay behind keen Thema gewiescht, sou de Pierre Schiltz, fir deen et 1990 fir d'Politik sou ausgesinn hätt, dass do komesch Saache gedréint gi wären; dobäi hätten d'Politiker an de Jore virdrun d'Material vun de Stay behind-Leit gewise kritt.