Oflauschteraktiounen a Mordmenacen

Den Ex-Zaldot Gilbert Leurs gouf um Mëttwoch gehéiert. Hien huet dovu geschwat, dat de Colonel Harpes heemlech vum SREL ofgelauschtert gouf ...
Um 160. Sëtzungsdag vum Bommeleeër-Prozess gouf den Ex-Zaldot Gilbert Leurs gehéiert, deen uginn hat, d'Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes ze kennen.
De Mann sot, vun Oktober 1976 un als Fräiwëllegen an der Arméi gewiescht ze sinn an d'Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes vun do ze kennen.
De Me Vogel huet dozou gemengt, dat géif net stëmmen, de Marc Scheer hätt d'Arméi 1975 verlooss.
Am Déngscht vum SREL
De Gilbert Leurs huet erkläert, dono op d’Telefonszentral, an de Personalbüro a bei den État-major vun der Arméi komm ze sinn. Enn 1983, Ufank 1984 wär eng Persoun vum SREL un hien erugetrueden; hie sollt 20.000 Frang niewelaanscht verdéngen, fir Leit z’iwwerwaachen, dorënner d'éischt Gei vum RTL-Radio. Et wär e Kontrakt gemaach ginn, an hien hätt bis Dezember 1998 fir de Geheimdéngscht geschafft.
Dono hätt hien d'Aufgab kritt, aner Leit z’iwwerwaachen, wou awer zum Deel nëmme belanglos Informatiounen erauskoumen; well hien och just zwee Mol 20.000 Frang krut, hätt hie menacéiert, domat opzehalen.
"De Monni"
Du wär de Gilbert Leurs 1985 gefrot ginn, fir am Kontext vun der Bommeleeër-Affär eng Oflauschteranlag (mat Kassetten) um Härebierg z'installéieren; donieft wär hie gefrot ginn, fir zwee SREL-Leit op den Härebierg eranzeschleisen, an et wär net opgefall, dass hien déi an zwou Kéieren erabruecht huet. Säin Optrag war deen, d'Kassetten ze wiesselen.
Déi Ecoute wäre ronn e Joer gelaf, vum Hierscht 1985 un. Hien hätt no laangem Hin an Hier gesot kritt, et géif e Gendaarm ofgelauschtert ginn, “de Monni”, wat de Spëtznumm vum Colonel Harpes war. Hien hätt net gefrot, firwat dat de Fall wär, awer gewosst, dass et am Kader vun der Bommeleeër-Affär geschéie géif; dofir wär hien dovun ausgaang, dass de Colonel géif verdächtegt ginn. Dee wär och nach ofgelauschtert ginn, wéi keng Attentater méi waren. Hie selwer hätt och keng vun deene Kassette gelauschtert.
Menacen
Den Ex-Zaldot war der Meenung, dass de SREL d’Fangere mat am Spill hat; hie géif awer net gleewen, dass de Geheimdéngscht selwer gesprengt huet. Du sot de Mann, am leschten annerhallwe Joer e puermol mat Mord gedreet kritt ze hunn; hie géif sech d'Fro stellen, ob dat a Verbindung heimat stéing.
Nodeems de Procureur Georges Oswald preziséiert huet, dass dowéinst eng Instructioun am Gaange wär, huet den Zeie betount, ë.a. vun zwee maskéierte Leit gesot kritt ze hunn, hie géif ausgeknipst ginn.
"Gutt Saach"
Fir zréck op den Härebierg ze kommen, huet de Gilbert Leurs ënnerstrach, hien hätt eng Persoun eng Dose mol mat op den Härebierg geholl; ë.a. wären och am Büro vum Kommandant Wanzen installéiert ginn. Hien hätt un eng gutt Saach gegleeft, an de Colonel Armand Brück hätt zanter 1986 Bescheed gewosst.
De Gilbert Leurs huet dunn erkläert, vun engem Mann gesot kritt ze hunn, hie kéint d'Bommeleeër-Prime kréien; dee Mann hätt gesot, hie wéisst, ween et war, hien hätt Beweiser, kéint déi Belounung awer net selwer kréien. D'Informatioun sollt iwwert den Ex-Deputéierte Willy Bourg lafen, de Brudder vum Colonel Charel Bourg; hien huet deen dunn 1986 gesinn.
Nimm!
Ënnert dem Stréch hätt hie gesot kritt, d’Bommeleeër wären de Prënz Jean a Leit vun der Brigade mobile gewiescht; an deem Kontext wären d'Nimm Steil, Reuland, Scheer an 2-3 anerer gefall, net awer den Numm Wilmes. De Willy Bourg hätt doropshi gesot, hie sollt kengem dovun zielen.
Dono wär hien eng Kéier op e Rendez-vous convoquéiert ginn, ë.a. vum Colonel Brück a vum Willy Bourg; do wär hie gefrot ginn, ob hie se nach all hätt. Hien hätt ze verstoe kritt, dass hien, wann hien nach eng Kéier den Numm vum Prënz an de Mond géif huelen, zur persona non grata géif ginn.