Dat sot den Direkter vum "Service de renseignement" Patrick Heck e Samschdeg de Mëtten, 3. Mee an eiser Emissioun "Background am Gespréich".

De Staat hätt eng Obligatioun, d'Grondrechter vun de Bierger ze schützen an hir Sécherheet ze garantéieren. Dernieft wier de Geheimdéngscht och wichteg fir d'Relatioune mat anere Länner.

AUDIO: De Patrick Heck (1)

D'Menacë wieren haut ganz anerer wéi nach an Zäite vum kale Krich. Missioune vum Geheimdéngscht gëllen haut éischter der Gefor duerch Terrorismus, Spionage an organiséiert Kriminalitéit. An all dëse Beräicher wieren och Aktivitéiten zu Lëtzebuerg registréiert ginn - och am Beräich vum Terrorismus.

AUDIO: De Patrick Heck (2)

D'Kritik um SRE kann de Patrick Heck no den Affären aus de leschte Joren novollzéien. Ma et wier een awer iwwerrascht gewiescht, iwwert d'Heftegkeet. Et wier dacks sou riwwer komm, wéi wann een den SRE pauschal géing veruerteelen an als kriminelle Betrib duerstellen. Dat wier ganz sécher net de Fall.