Et geet ëm e Bréif vu Mëtt Dezember, an deem d'Defense-Affekoten Lorang a Vogel der Regierung suggeréieren, en Amnesties-Gesetz votéieren ze loossen.

D'Riichterin Sylvie Conter hat et suggeréiert, d'Defense huet dunn e Bréif geschriwwen, de Procureur général Robert Biever huet bei sengem leschten Optrëtt am Prozess iwwer dee Bréif geschwat, de Feierkrop huet e Freideg Extraiten doraus bruecht a bei Radio Lëtzebuerg hu mer d'Schreiwes virleien.

Et wor an der 99. Sëtzung vum Bommeleeër-Prozess, de 5.12. 2013, wéi de Procureur Georges Oswald drun erënnert huet , dass an der Affaire Bommeleeër nach ëmmer eng Belounung vun 350.000 € am Raum stinn, fir Leit déi präzis Informatiounen iwwer d'Täter kéinte ginn an d'Riichterin selwer huet betount, an deem Sënn kéint vläicht och en Amnistiegesetz hëllefen, also: fir datt Leit schwätze giffen.

5 Deeg drop, den 10. Dezember schécken d'Defense-Affekoten e Bréif un de Premier, un de Vize-Premier an un de Justizminister. Si hätten an der Affaire Bommeleeër eng Question capitale ze stellen. De Prozess wier nun emol dadaistesch, d'Fakten wieren ural, et wier ze vill Zäit verluer gaang an et wier, hätt de Prosper Klein gesot, eng Staatsaffaire, déi net dierft opgekläert ginn

All d' Vertrauen an de Pouvoir politique giff verluer goen, schreiwen d'Affekoten an et giff vu Séance zu Séance méi schlëmm ginn, d'Natioun giff op Joerzéngten eraus ridiculiséiert ginn.

D'Affekote soen der Regierung dann nach, si wieren zu jidder Zäit zu engem Gespréich bereet. Profond respect.Eisen Informatiounen no ass iwwer dëse Bréif am Regierungsrot geschwat ginn an d'Regierung huet refuséiert, en Amnesties-Gesetz op de Wee ze bréngen.

Bleift awer d'Fro:

Firwat mécht d'Defense déi Demande do un d'Regierung?

Et muss ee virop emol dat eescht huelen, wat am Bréif steet: de Prozess wier kafkaesque, d'Land giff sech lächerlech maachen, déi zwee Ugekloten Scheer a Wilmes giffen emol keng Nieweroll spillen an hirem Prozess, den Dossier géint si wier extrem dënn – a wann een all déi Argumenter esou repetéiert, da mierkt een, datt déi zwee Affekoten ausgerechent d'Argument vum Procureur a vun der Riichterin, nämlech et kéint jo emol een d'Wouerecht soe kommen, datt ausgerechent dat Argument keng Roll spillt an dëser Amnisties-Demande. Am Géigendeel: et schéngt an der Haptsaach drëm ze goen, datt Regierung a Parlament Schwamm-drüber maachen, passer l'éponge. An d'Fro ass, ob dee Bréif implizit eng Zort Aveu vu Scheer a Wilmes ass. Well et si jo net iergendwellech Kollegen oder Politiker oder Gewerkschafter oder Journalisten, déi hei en Amnistie-Gesetz suggeréieren, mee et ass d'Defense vun den zwee Ugekloten. Déi misste jo wëssen, wéi en Effet esou eng Demande huet, nämlech den Effet, datt ee sech freet, ob déi zwee Ugekloten hiren Affekoten méi gesot hunn wéi den Enquêteuren an dem Geriicht, ob déi Zwee séier, op der leschte Ligne droite – mat der Affaire – ënner de groussen Teppech wëllen.

AUDIO: De Marc Scheer insistéiert op onschëlleg

Well wie brauch eng Amnestie? Ugekloten, déi Täter sinn, brauchen eng Amnestie, soss keen. Denkt de primitive Net-Jurist.

Juristen denken anescht: déi soen viru Geriicht emol Saachen wéi dës: léift Geriicht, mäi Client ass onschëlleg, seet hien, Dir huet net vill Preuve géint hien, sollt Dir trotzdeem der Meenung sinn, Dir misst hie verurteelen, da consideréiert folgend Circonstances atténuantes a sitt w.e.g. coulant.

Déi grouss circonstance atténuante, ëm déi et an dësem Fall ëmmer geet, dat ass jo dat wat de Gaston Vogel selwer ëmmer seet: dëst: esouguer wann eis Clientën d'Täter wieren, da wieren se nëmme Marionetten. Well soen: do hätten anerer un de Fiedem gezunn, et gëtt Marionette-Spiller, déi an der Hierarchie iwwer klenge Gendarme setzen. Déi Grouss hätte commandéiert, déi Kleng hätte gefollegt.

Conclusioun vun der Defense: Amnistie fir se all – dann hu mer eis Rou.

De Wonsch ass verständlech, de Bréif un d'Regierung awer net, well eng Regierung, déi och wéint dëser Affaire un d'Muecht komm ass, déi ka jo guer net positiv op dës Demande äntweren.

An et wier och de Joerhonnert-Clou, wann d'Affaire op déi Manéier op en Enn kéim.

Ofgesinn vun all deem: d'Affekoten froen no enger Loi amnistiant les infractions – ups, infractions – ech hunn ëmmer gemengt a mengen nach, datt et ëm Verbrieche geet. Staatsverbrieche wéint menger, mee Verbriechen.