Stay behind: Wat wousst d'Chamber? Wat de Geheimdéngscht?

Um Méindeg hunn de Generalsekretär vun der Chamber, Claude Frieseisen, an de fréiere Chef vum Geheimdéngscht, Charles Hoffmann, als Zeien ausgesot.
Um Ufank vun der 161. Sëtzung um Méindeg gouf de Generalsekretär vun der Chamber gehéiert. Un de Claude Frieseisen hat d'Me Lorang d'Fro, ob d'Informatioune stëmme géifen, dass, wéi deem säi Vir-Virgänger Guillaume Wagener an d’Pensioun goung, hie Këschten zur Bommeleeër-Affär matgeholl hätt.
Claude Frieseisen: Keng Piècen erausgaangen
Dem Generalsekretär vun der Chamber no huet hien ni mam Guillaume Wagener zesumme geschafft an hien hätt och keng sou eng Rumeur héieren. De Claude Frieseisen huet sech d'Fro gestallt, ob d'Parlament sou eng Dokumentatioun krut; et wären 3 Sëtzungen iwwert de Stay behind an der Chamber ginn, eng Kéier wier an der deemoleger Commission de Travail (der haiteger Conférence des Présidents) doriwwer rieds gaangen, eng parlamentaresch Fro dozou gestallt ginn an an enger Sëtzung vun der Institutiounen-Kommissioun wier et zu engem Exposé vum Premier Jacques Santer komm. Doropshi wär nach emol eng "Commission de Travail"-Sëtzung gewiescht an du wär d'Saach zou gewiescht; et kéinten eventuell och zwee Dossiers thématiques zum Stay behind ugeluecht gi sinn.
D'Me Lorang wollt nach wëssen, ob an der Enquêtëkommissioun 2008 verschidde Piècë gewise goufen. Fir de Generalsekretär vun der Chamber sinn déi gesi ginn, awer keng Piècen erausgaangen.
Charles Hoffmann: Am Ree stoe gelooss
Dono huet op en Neits de fréiere SREL-Chef Charles Hoffmann ausgesot. An deem sengen Ae war de Geheimdéngscht wuel an der Bommeleeër-Affär aktiv; et wär een awer am Ree stoe gelooss ginn, wouriwwer hien haut scho bal frou wär, wann hie geséich, wéi alles gelaf ass. Auslännesch Geheimdéngschter hätten Intressi fir d’Affär gewisen; dat wär dem SREL awer bal peinlech gewiescht, well ee selwer nëmmen dat wosst, wat an der Press ze fanne war.
Fir de Charles Hoffmann koumen och FBI-Leit op Lëtzebuerg; hie mengt, dass hien déi un den Armand Schockweiler weider geleet hätt. De Geheimdéngscht konnt näischt maachen, well e keen Accès, z.B., zu den Asservaten hat, sou de fréiere Chef; et hätt een awer versicht, d'Attentäter ze fannen. Wat d'Note vum Agent Armand Kaudé zur Observatioun vum Ben Geiben ugeet, wär déi Iwwerwaachung net vum SREL gemaach ginn; et wär ee just gefrot ginn, Leit an Autoen zur Verfügung ze stellen. De Chef vum SREL wollt dee Rapport Kaudé net viruginn; hien hätt dem Auteur allerdings net verbueden, mat der Gendarmerie an der Police doriwwer ze schwätzen. Hie wär dovun ausgaangen, dass den Inhalt vun där Note géif weider goen, sou de Charles Hoffmann.
Charles Hoffmann: Enquête e Fiasko
Dem Charles Hoffmann no war d'Enquête e Fiasko vu vir bis hannen; et wär awer och un der Gendarmerie gewiescht, fir d'Verdachtsmomenter géint de Jos Steil ze poursuivéieren. Hie selwer hätt ebe gemengt, d'Informatioune wäre weider gaangen.De Me Vogel wollt vum Ex-SREL-Chef wëssen, firwat de Ben Geiben net op Écoute gesat gouf. "Mat wat fir engen Argumenter hätte mir dat gemaach?", sou de Charles Hoffmann; et wär un anere gewiescht, dat ze maachen. Et hätt ee selwer Enquêtë gemaach, allerdings wär de Geheimdéngscht vill ignoréiert ginn.
D'Me Lorang huet dunn nom Rapport iwwer eng Observatioun op de Staatsrot gefrot, wouzou et keng Spur géif ginn. Dem Charles Hoffmann no wär an deem Kontext den Armand Kaudé ze froen.
Op d'Fro vum Procureur Georges Oswald, ob hien dee Rapport iwwert d'Observatioun op de Staatsrot gelies hätt, sot de fréiere Geheimdéngscht-Chef, hie géif mengen, sech un eng Informatioun vu baussen z’erënneren, well en Attentat op de Staatsrot am Gespréich gewiescht wär.
D'Me Lorang huet doropshin op eng Observatioun aus dem Staatsrot eraus higewisen. D'Riichterin Sylvie Conter huet präziséiert, dass ee vun engem Attentat op de Geriichtspalais ausgoung! De Charles Hoffmann sot, näischt dovun ze wëssen; hie kéint sech just un e méiglecht Attentat op de Staatsrot erënneren, an hien hätt ni eng Informatioun kritt, dass e Bommeleeër gesi gi wär. Och hätt hie keng Instructioun ginn, fir Dokumenter zum Stay behind ze schredderen.
Sylvie Conter: Schwéier ze gleewen
De Charles Hoffmann huet betount, de Stay behind wär do gewiescht, fir aktiv ze ginn, "wa mer besat wäre vun de Russen; e war net do, fir opzerüsten". Op Stay-behind-Reunioune wär iwwert d'Attentater geschwat ginn; hien hätt dann erkläert, net méi doriwwer ze wëssen, sou de fréiere SREL-Chef.
Fir d'Riichterin Sylvie Conter wär et ganz schwéier, dat ze gleewen!
Dem Charles Hoffmann no war de Schwéierpunkt vu sou Reuniounen de Contre-espionnage, an net de Contre-terrorisme.
D'Presidentin vum Geriicht wollt dono wëssen, ob d'Politik 1988 iwwert de Stay behind informéiert gouf.
"Jo!", sot de fréiere SREL-Chef; hien hätt dunn an de grousse Linnen erkläert, ëm wat et dobäi goung. Wéi wär sech awer ze wiere gewiescht, wéi d'Politiker 1990 soten, si hätten näischt dovu gewosst? Dat wär net einfach z’erdroe gewiescht! Et hätt och kee frieme Geheimdingscht säi Support offréiert, an d'Attentat op de Findel wär eent ënner anere gewiescht.
Charles Hoffmann: Näischt erausfonnt! Mä Säint gemaach.
De Charles Hoffmann huet ënnerstrach, dass de SREL a Saache Bommeleeër eben näischt erausfonnt hätt.
Doropshi wollt d'Riichterin Sylvie Conter wëssen, ob et een ze schütze gouf. "Neen, mir hate keen ze protegéieren!", sou de fréiere Chef vum Geheimdéngscht. D'Presidentin vum Geriicht huet du gefrot, ob den Zeien eppes vun enger Ecoute op de Colonel Aloyse Harpes wéisst. "Ech weess näischt dovun!", sou de Charles Hoffmann, fir deen an dësem Prozess schonn e puer Zeien opgetruede wären, déi Mythomane waren; de Gilbert Leurs hätt hien och net kannt. Hie wéisst awer eppes vun enger Oflauschteraktioun op de Colonel Jean-Pierre Wagner.
Vum Procureur Georges Oswald wat et d'Fro, ob sech den Zeien un e Bréif vum Colonel Harpes erënnere géif, dass SREL-Leit bei Observatiounen am Zesummenhank mat der Bommeleeër-Affär sollten dobäi sinn. D'Riichterin Sylvie Conter huet bäigefléckt, ob sech de Charles Hoffmann dozou keng Froe gestallt hätt.
De fréiere SREL-Chef huet geäntwert, wat fir eng hie sech sollt stellen. Et wär een net beim SREL, well ee virwëtzeg ass, sou den Zeien, deen net matkritt hätt, dass de Fonctionnement vun der Gendarmerie u sech en Dysfonctionnement war. De Charles Hoffmann huet awer haut nach d'Gefill, säint gemaach ze hunn.
Op d'Remarque vun der Presidentin vum Geriicht, ob hien et normal géif fannen, dass wéi et schéngt kee sech fir d'Affär intresséiert hätt, sot de Charles Hoffmann, et géif vill Saache ginn, déi hien net normal géif fannen!