Ech war féx a fäerdeg, ech war um Buedem, wéi ech héieren hunn, ech sollt e Bommeleeër sinn. Dat sot de Prënz Jean e Méindeg op enger Pressekonferenz.

De Prënz Jean hat d'Press e Méindeg de Mëtteg ëm 14 Auer op e Gespréich convoquéiert, fir Explikatiounen iwwert d'Rumeuren am Zesummenhang mam Bommeleeër-Prozess ze ginn.

AUDIO: Pressekonferenz vum Prënz: Reportage Nico Graf

Et war eng net alldeeglech "Pressekonferenz", déi um Méindeg an der Abtei Neimënster organiséiert gouf. De Prënz Jean huet virun enger Rei vu selektionéierte Journaliste Positioun zu den Accusatiounen a Rumeure géint seng Persoun am Kader vun de Bommenattentater an den 1980er an am Kader vum Bommeleeërprozess geholl.

De Kader vun der Pressekonferenz war wéi gesot ganz strikt. De Prënz Jean hat sech vun enger Kommunikatiounsfirma berode gelooss. An nëmmen accreditéiert Journaliste waren um Méindeg de Mëtteg zougelooss. Dat aus organisatoreschen an aus Sécherheetsgrënn, wéi et geheescht huet ...

"Féx a fäerdeg"

"Ech war féx a fäerdeg, ech war um Buedem, wéi ech héieren hunn, ech sollt e Bommeleeër sinn." Dat sot de Prënz Jean op där Pressekonferenz.

Hien huet - op Franséisch - nach eng Kéier dementéiert, iergendeppes mat de Bommenattentater ze dinn ze hunn. Datt hie seng Trounrechter opginn hat, dat hätt exklusiv privat Grënn gehat – an zwar well hien d'Hélène Vestur 1986 bestuede wollt.

Hie wier schockéiert gewiescht, wéi hien als Verdächtege vun der Police gehéiert ginn ass ...

AUDIO: De Prënz Jean

... d'Rumeuren iwwer hie wieren eng "urban legend", déi him ganz wéi deet.

Vu Stay-behind hätt hien ni eppes héieren an et wier absurd unzehuelen, datt iergendeen e Prënz abordéiere kéint, datt dee sollt hëllefen, Bommen ze leeën.

Par ailleurs wëll de Prënz, datt d'Wouerecht erauskënnt.

De Brudder vum Grand-Duc Henri hat sech eng éischte Kéier de 27. Januar am Kader vum Prozess kuerz der Press gestallt.

VIDEO: Prënz Jean
De Prënz Jean hat d'Press e Méindeg op e Gespréich convoquéiert, fir Explikatiounen iwwert d'Rumeuren am Zesummenhang mam Bommeleeër-Prozess ze ginn.