Am Bommeleeër-Prozess gouf um Dënschdeg de belschen Zeie Lucien Dislaire gehéiert.

Dee sot, dass de Manöver "Oesling 84" derapéiert huet duerch eng Attack op d'Kasär, 1984, zu Vielsalm an der Belsch, bei där eng Persoun ëm d'Liewe koum; déi Derapagen hätten och gemaach, dass d'Belsch an d'Amerikaner déi Kasär den Dag drop net ugegraff hunn, sou wéi et u sech virgesi war.

AUDIO: Bommeleeër: Resumé vum 6. Mee vum Eric Ewald.

De Lucien Dislaire huet erkläert, an deem Kontext Männer gefouert ze hunn, déi den Dag drop Pylônen attackéiere sollten; no der Attack op d'Kasär hätten d'Amerikaner allerdings mam Manöver opgehalen.

Hien huet déi Attack mat der Bommeleeër-Affär a Relatioun gesat, och well de Lëtzebuerger Kommando vun "Oesling 84" am Manöver ë.a. geléiert hätt, fir Pylônen unzegräifen; zur Attack op de Pylône zu Beideler wär et och nëmmen zwou Wochen no der Attack op d'Kasär zu Vielsalm komm.

D'Affär Bommeleeër wär awer net honnertprozenteg mam Manöver a mat der Attack op d'Kasär a Verbindung ze bréngen, sou de Belsch.

RTL

Den Zeien huet donieft eng Ausso vum Ex-Premier Jacques Santer zréckgewisen, dee gesot hätt, dass Lëtzebuerger Kommandoen net sou gutt forméiert gewiescht wäre wéi anerer; fir de Mann gouf et awer keng Differenz tëscht lëtzebuergeschen an auslännesche Kommandoen.

Nodeems de Procureur Georges Oswald de Lucien Dislaire mat enger eegener Ausso konfrontéiert huet, dass d'Manöver "Oesling 84" näischt mat der Attack op d'Kasär a mat der Bommeleeër-Affär ze dinn hätt, huet de Belsch dat confirméiert; d'Proximitéit vum 1. Attentat zu Beideler mat der Attack zu Vielsalm géif awer opfalen.

Um Enn vun der Sëtzung huet den Enquêteur Joël Scheuer nach gesot, dass déi am Prozess ugeschwaten Observatioun vum Statsrot am Zesummenhank mat der Iwwerwaachung vun am Ganze 35 Gebaier stoung; an deem Kontext hätt et awer keen "Incidents marquants" ginn.

Wéi d'Riichterin Sylvie Conter ze bedenke ginn huet, dass d'Iwwerwaachung vum Conseil d’État net d'Observatioun aus dem Statsrot eraus wär, huet de Joël Scheuer betount, d'Enquêteure géifen dat nokucken.

Am Bommeleeër-Prozess kënnt et dann um Mëttwoch zur Auditioun vum fréiere SREL-Chef Marco Mille.

Bommeleeër-Prozess, 162. Dag
Zeien: Manöver "Oesling 84" derapéiert ...