Stay behind, SREL, Ben Geiben an ... Emile Krieps

De Marco Mille, hei an der Chamber. / © RTL (Archiv)
De fréieren Direkter vum Geheimdéngscht Marco Mille ass formell, dass d'Attentater net vun der Stay-Behind-Struktur bannent dem SREL ausgaang sinn.
"Deen neiste Moment aus dem ganze Prozess!" Esou huet de Mâitre Gaston Vogel um Mëttwoch d’Aussoe vum fréieren Direkter vum Geheimdéngscht Marco Mille kommentéiert.
Deen huet seng Gedanken iwwert de Kontext vun der Bommeleeërserie presentéiert an dobäi Verdachstmomenter géint ee fréiere Regierungsmember an d’Spill bruecht, nämlech den Emile Krieps.
Dee war ee Resistenzler, ee Lëtzebuerger Held, seet de Marco Mille. Mä trotzdem misst ee sech Froe stellen. De Marco Mille war a senger Ausso beim Volet Stay Behind ukomm an huet seng Gedanken iwwert d’Bommeleeërserie presentéiert.
De PLAN war déi Cellule zu Lëtzebuerg, déi d’Stay-Behind-Doctrine vun der NATO ëmgesat huet an do gouf et kee Volet Sabotage, do sinn ech formell, sou de Marco Mille. De PLAN loung ënnert der Responsabilitéit vum SREL. Hie gëtt zou, dass déi Theorie sexy ass duerch de ganze geheimen Aspekt vum SREL, mä et wier näischt drun. Dowéinst hätt de SREL all Interêt gehat opzeklären.
Cui bono?
Dem Marco Mille no huet et missen eng parallel Struktur ginn an déi wier net am SREL ze sichen. Wat d’Motiv ugeet géif een Zesummenhang aliichten. Duerch d’Attentater goufe Reformen am Sécherheetsapparat an d’Weeër geleet a vun deenen hätt de SREL am allermannsten, fir net ze soe guer net profitéiert. Et misst ee sech d’Fro stellen, ween am meeschte dovugedroen huet.
An deem Kontext gëtt de Marco Mille ze bedenken, dass iwwer 10 Joer laang ee Minister fir de Sécherheetsapparat responsabel war an dat war den DP-Politiker Emile Krieps.
Wann et eng parallel Struktur am Sécherheetsapparat gouf, dann ënnert der Tutelle vum Minister, sou de Marco Mille.
Intressant ass och d’Relatioun tëscht dem Emile Krieps an dem Ben Geiben. Déi 2 haten eng gutt Relatioun an de Ben Geiben hätt op Uerder vum Minister d’Brigade Mobile gegrënnt.
1982 hätt de Ben Geiben ee Rapport geschriwwe mat Fuerderungen a Constaten an de Gendarmerie-Colonel Wagner hätt dee Rapport quasi an d’Poubelle gehäit. Doriwwer wier den Emile Krieps ganz rose gewiescht, dat wier bekannt.
No de Wahlen 1984 souz den Emile Krieps net méi an der Regierung an de Ben Geiben verléisst d’Gendarmerie, sou de Marco Mille a sengen historesche Verflechtungen.
Alles gesicht, awer net alles fonnt
Op d’Fro vun der Riichterin, wéi esou eng Parallelstruktur da kéint ausgesinn, sot de Marco Mille, et misste Leit aus e puer Corpse sinn, méiglechst breet opgestallt also an et hätt missen dofir gesuergt ginn, dass déi richteg Leit op de richtege Plaze sëtzen.
Wat d’Aarbecht vum SREL ugeet, deen hat jo 2008 e Rapport iwwert de Volet-Stay-behind ausgeschafft. Dee Rapport wier gutt, hätt awer vläicht eng aner Nues kritt mam Wësse vun haut, sou de Marco Mille. Et hätt een deemools alles gesicht awer net alles fonnt.