Frieden a Reuter ouni präzis Erënnerungen

© RTL (Archivbild)
D'Defense huet um Donneschdeg verlaangt, de Prozess z'ënnerbriechen, ma d'Geriicht an de Parquet waren anerer Meenung ...
D'Me Lorang huet en Donneschdeg de Mëtten, um Ufank vun der 164. Sëtzung am Bommeleeër-Prozess, eng Konklusioun virgeluecht op Grond vun der Depositioun vum Ex-SREL-Chef Marco Mille, dee jo d'Politik an d'Arméi mat där Affär a Verbindung bruecht hat. Et sollt eng Enquête doriwwer gemaach ginn an de Prozess dowéinst ofgebrach ginn.
De Procureur Georges Oswald huet gemengt, déi Decisioun sollt reportéiert ginn, bis weider Zeie gehéiert goufen, enger Meenung, där sech d'Riichterin Sylvie Conter ugeschloss huet.
Luc Frieden am Zeiestand
Doropshi koum et zur kuerzer Auditioun vum Ex-Minister Luc Frieden iwwer eng Entrevue mat den Hären André Kemmer, Marco Mille a Fränk Schneider vum SREL beim Premier Jean-Claude Juncker, Ufank 2006, iwwer hir Theorie zu enger Implikatioun vum "Stay behind" an d'Attentater.
De Luc Frieden sot, hien hätt als Minister enorm vill Reunioune gehat; hien hätt eng Erënnerung un déi, mä näischt Präzises; hie wär regelméisseg geruff gi fir Reunioune vum Ex-Staatsminister mam Geheimdéngscht. Senge Souveniren no wär et dobäi an der Haaptsaach ëm eng ganz aner Geschicht gaangen, an zwar ëm illegal Suen op engem Kont hei am Land, an et wäre just e puer Sätz zu där Theorie gesot ginn.
Am Joer 2006 haten hien an de Premier Jean-Claude Juncker en Exposé iwwert d'Bommeleeër gehale kritt vun 3 Memberen aus dem Geheimdéngscht, en Exposé, deen de Marco Mille am Prozess widderholl hat. An deen drop erausleeft, datt hei am Land de Volet Sabotage vum Stay behind an der Arméi war an datt de Liberale Minister Emile Krieps vläit de Kapp hannert den Attentater wier.
Et wär op alle Fall näischt gewiescht, wat eng bleiwend Erënnerung bei him hannerlooss hätt. Hie kéint sech "eigentlech u ganz wéineg" erënneren, sou de Luc Frieden. Hien hätt déi Theorie am Raum stoe gelooss, well et näischt Konkretes ginn hätt an net "et war deen do oder deen do". Den Deputéierten huet sech d'Froe gestallt, ob de SREL der Police oder der Justiz déi Iwwerleeunge matgedeelt huet an ob Leit vun der Police judiciaire do dobäi waren.
Gérard Reuter am Zeiestand
Dono war et um Gérard Reuter, dem fréiere President vun der Cour des Comptes, fir auszesoen. Hien huet betount, näischt Konkretes matkritt ze hunn, och wa geschwat gi wär iwwert eng méiglech Implikatioun vum Stay behind oder vun der CIA an d'Attentater, mä hien hätt keng präzis Souveniren.
D'Riichterin Sylvie Conter wollt doropshi wëssen, firwat den Zeien erkläert hätt, dass hie beim SREL matkrut, d’CIA wär involvéiert an ob hie menge géif, de SREL wär dora verwéckelt.
De Gérard Reuter sot, hien hätt fonnt, dass sech de Geheimdéngscht net vill heifir interesséiert hätt; et hätt net ausgesinn, wéi wann eng Enquête beim SREL am Gaange wär an hien hätt net verstanen, dass dee sech net géif bekëmmeren. Och hien hätt vill Saache vergiess.
Doropshin huet d'Presidentin vum Geriicht gefrot, firwat den Zeien an Interviewen dann aner, méi konkret Saache gesot hätt. De Gérard Reuter huet geäntwert, hie wär zu deem Interview gedréckt ginn.
Zum Enn vu senger Depositioun zou huet de Gérard Reuter ënnerstrach, dass hien näischt vun Telefonsecoutë vum SREL am Kontext vun der Affär Bommeleeër wéisst; just Islamiste wären ofgelauschtert ginn. Den Zeien huet sech awer drun erënnert, dass et um Rechnungshaff Diskussioune gouf iwwert d’Indemnisatioun, déi de Camille Hellinckx krut.
D'Lëscht vun den Zeie fir déi aner Woch
E Méindeg: Michel Gretsch, Gustave Moes En Dënschdeg: Jacques Santer
E Mëttwoch: Jacques Santer
En Donneschdeg: Robert Rollinger.