Um Méindeg hunn de fréieren Zaldot Gustave Moes an de Michel Gretsch, fréiere Chef vum État-major vun der Arméi, ausgesot.

De Mann, deen 1981 fir d'Sécherheet um Härebierg zoustänneg war, ass op Grond vun enger Ausso, viru Geriicht, vum Zaldot Mario Schmitz nach emol do gewiescht. Hie sot, hie wär deemools vum Colonel Armand Brück op de Büro geruff gi fir eng speziell Missioun; an deem Kader sollt hien zwee Amerikaner ëmfänken.

Den Zaldot Schmitz wär deen ee siche gaangen, op de Findel, an hie selwer deen anere mam Auto; hie krut du vun enger Equipe vu 4 Leit geschwat, déi kucke sollten, ob d'Sécherheet op der WSA stëmme géif. Dat wär enger Persoun vun der WSA bewosst gewiescht; déi hätt awer näischt däerfe soen.

Zwee Leit wären deemools bei d'WSA erakomm, an et wäre keng Waffen am Spill gewiescht; eng zweet Operatioun, zwee Deeg drop, wär iwwerdeems feelgeschloen. Hie wär nëmme bei engem Exercice an deem Genre dobäi gewiescht, sou de Gustave Moes.

Zweiwel um Zeie Leurs

De Gustave Moes huet nach betount, laang mam Zeie Gilbert Leurs zesumme geschafft ze hunn; deen hätt viru Geriicht Theater gespillt an iwwerhaapt vill erzielt, woufir hien de Geheimdéngscht eng Zäit bei sech gehat hätt. Fir den Zeien ass dee Gilbert Leurs dann och "en Opschneider".

Dem Zeien no wosst hien, als Militär, och näischt vum Stay behind; hien hätt deen Terme ni héieren a senge 37 Joer bei der Arméi.

Och wären, sou de Gustave Moes, Exercicer hei am Land zu Lëtzebuerg geplangt ginn, an der Arméi, an net bei der NATO.

Firwat d'Arméi?

Dono war et um Michel Gretsch, fir op en Neits auszesoen.

De fréiere Chef vum État-major vun der Arméi, deen 1968 op Lëtzebuerg zréckkoum, no senger Formatioun zu Saint-Cyr, huet gemengt, 1960 hätt de Geheimdéngscht wuel Aufgabe vum sougenannten "zweete Büro" vun der Arméi iwwerholl; dee war fir de Renseignement zoustänneg.

Zur Theorie vum Ex-SREL-Chef Marco Mille, dee jo dovun ausgeet, dass d'Arméi an d'Attentater verwéckelt war, huet sech den Zeien d’Fro gestallt, ob d’Arméi déi Zäit en Interêt gehat hätt, fir eppes duerchzesetzen. Et wär deemools scho kloer gewiescht, dass d’Arméi neit Material krit; dofir kéint hie sech net virstellen, dass déi Theorie stëmme géif. D'Arméi hätt déi Zäit och net vill mat der Police oder der Gendarmerie ze di gehat.

Op d'Fro, ob et Aktioune vum Stay behind am Grand-Duché gouf, huet de Michel Gretsch geäntwert, zu Lëtzebuerg hätt een net kënne Maquis spillen. Fir de fréiere Chef vum État-major vun der Arméi hätten Amerikaner bei den Exercicer hei am Land och keng Chance gehat.

Doropshin huet de Me Vogel aus engem anonyme Bréif virgelies, deen hie krut, an deem steet, dass déi bescht Lëtzebuerger Zaldoten a Schottland geschéckt goufen, fir trainéiert ze ginn.

Den Zeie sot, hie wéisst näischt dovun! An den Arméi-Archiver stéingen all d’Exercicer dran an d'Zaldote wären an eng Rëtsch Länner trainéiere gaangen. Dowéinst huet de Me Vogel gefuerdert, dass d'Archiver vun der Arméi misste saiséiert ginn.

Lëtzebuerg = Schmarotzer

De Michel Gretsch huet ugedeit, dass Lëtzebuerg am Eeschtfall ënner eng saarlännesch Zivilverwaltung gestallt gi wär; dozou wär et wuel komm, well Lëtzebuerg ni eppes gemaach an ëmmer géint d’NATO geschwat, awer dovu profitéiert hätt. Dofir hätt een och eng Kéier bei der NATO gesot kritt, de Grand-Duché wär e Schmarotzer; d'Land wär ni senge Flichten nokomm.

Mëtt der 80er Joren hätt d'Arméi awer ganz aner Suerge gehat wéi Attentater, a wann en Zaldot iwwer Nuecht fort gewiescht wär, wär dat direkt opgefall. Offiziell wär och net no potenziellen Attentäter an der Arméi gekuckt ginn, sou de fréiere Chef vum État-major vun der Arméi.

Nees Doutten u Leurs-Aussoen

De Michel Gretsch huet sech nach gefrot, firwat de Gilbert Leurs Leit vum SREL op den Härebierg ageschleist hätt; schliisslech hätten déi Zougank dozou gehat. Dee Gilbert Leurs hätt ëmmer gär geschwat a Geschichten erzielt.

De fréiere Chef vum Etat-major vun der Arméi huet nach ervirgestrach, dass de Findel kee Militärfluchhafe war an d'Amerikaner no den Explosiounen do op Ramstein geflunn an net opgereegt gewiescht wären.

Um Dënschdeg an um Mëttwoch ass et dann un där mat Spannung erwaarter Depositioun vum Jacques Santer, dee Premier war zur Zäit vun den Attentater.

VIDEO: Offizéier soen aus
Am Bommeleeërprozess stoungen haut zwee fréier Membere vun der Arméi am Zeiestand: de fréiere Chef vum Etat Major, Michel Gretsch an de Majouer Gustave Moes