Affär Bommeleeër: Instruktioun no 26 Joer ofgeschloss

Affär Bommeleeër: D'Untersuchungsriichterin Doris Woltz huet d'Instruktioun den 8. Januar ofgeschloss, knapp 26 Joer nodeems d'Affaire ugefaang hat.
[rating]Den Dossier ass elo un de Parquet viru gaang, dee wéinst sengem grousse Volume Zäit brauch, ier e seng Conklusioune formuléiert huet, déi en dann un d'Chambre du Conseil viru gëtt. Un där Chamber ass et dann, an engem méi oder manner groussen Delai ze decidéieren, op et iwwerhaapt zu engem Prozess kënnt, oder och net.
Zwee Membere vun der fréierer Brigade Mobile goufen inculpéiert. Am RTL-Interview wollt de Marc Thoma vum Procureur Robert Biever gewuer ginn, ob hie sech mat deenen zwou Accusatioune kéint zefridde ginn, wann ee giff wëssen, datt méi Leit an der Bommeleeër Affär implizéiert waren.
Wéini dëse voluminéisen Dossier da schliisslech eng Etapp weider kënnt, respektiv, op et iwwerhaapt zu engem Prozess kënnt, konnt de Robert Biever net soen, hie wéilt sech op jidderfall déi néideg Zäit, fir seng Analyse huelen.
Gaston Vogel
An och den Affekot vun deenen 2 Polizisten, déi am Dossier Bommeléeer inculpéiert sinn, de Maitre Gaston Vogel, huet sech um Bord vun enger Pressekonferenz ganz kuerz zu der Affär geäussert.
De Procureuer misst elo kucken, wat en Méiglechkeeten huet, fir mam Dossier weiderzefueren. Déi wieren awer ganz limitéiert, esou de Gaston Vogel.
De Gaston Vogel huet um Mëttwoch säin neit Buch virgestallt. "Dans la Tourmente judiciaire" heescht dat Wierk, an deem den Affekot iwwert seng Experienzen um Geriicht schreift an villes a Fro stellt. D’Leit solle wëssen, wat leeft - a wat schiif leeft, esou de Gaston Vogel.
Op den 197 Säiten vun „Dans la Tourmente Judiciaire de 1962 à ce Jour“ geet den Gaston Vogel dann och spezifesch Affairen an, wou een Magistraten senger Meenung no hätt missen zur Rechenschaft zéien.
D'Buch ass erauskomm bei den Editions Guy Binsfeld, kascht 28 Euro an Dir kritt et a Librairien an Zeitungsbutteker.