Den Dossier Bommeleeër läit zanter dem 24. Mäerz an der Chambre du Conseil. Do gëtt decidéiert ob et an dëser Affär zu engem Prozess kënnt oder net.

De Procureur Robert Biever huet dem Lëtzebuerger Journal confirméiert, dass en den Dossier scho virun der Ouschter-Vakanz weiderginn huet.

Wéi laang d'Chambre du Conseil braauch ass ongewëss, een Délai gëtt et jiddefalls net.

Den Dossier vum Luxair-Accident läit iwregens och an der Chambre du Conseil. Deen ass den 19te Mäerz erakomm.