Vrun 3 Joer gouf et grouss Opreegung an der Affär Bommeleeër

Affär Bommeleeër: 3 Joer nodeems de Procureur Robert Biever matgedeelt huet, dass 2 fréier Gendarmen gehéiert goufen, gëtt et nach kee Geriichtsprozess.
[rating]Et war e Sonndeg an de fréiere Procureur Robert Biever hat d'Presse an de Palais de Justice bestallt, dat alleng war scho spannend, datt et och nach ëm den Dossier Bommeleeër gaang ass, nach méi.
De Robert Biever huet dunn driwwer informéiert, datt zwee fréier Membere vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie deen Dag virdru Rendezvous bei der Untersuchungsriichterin haten.
Si huet hier Enquête dunn den 8te Januar dëst Joer ofgeschloss. Deemols gouf du gesot, datt zwou Persounen aus dem Ëmfeld vun der Gendarmerie beschëllegt sinn.
Zënter dem 24. Mäerz beschäftegt d'Chambre du Conseil sech mam Fall a muss decidéieren op et e Geriichtsprozess gëtt oder net.
Wéini déi Decisioun fällt – schreift d'Lëtzebuerger Wort- ass 3 Joer no där legendärer Pressekonferenz awer nach ëmmer net bekannt.