Rendez-vous de 6. Oktober fir d'Remise des prix vum neie Concours, deen déi kreativ Exzellenz an der Pub feiert.

Knapp zwou Woche virun der Zeremonie sinn d'Organisateuren hannert de Kulisse vun dësem neien nationalen Treffpunkt vun der Kommunikatiounsbranche freedeg opgereegt, fir de 6. Oktober 350 Leit aus der Branche – Annonceuren, Agencen a Medien – ze empfänken.

130 Projete goufen agereecht

"Mir freeën ons souwuel iwwer d'Unzuel vun de Kandidaturen (130) wéi iwwer d'Qualitéit vun den agereechte Projeten", seet den André Hesse, President vum Beruffsverband MarkCom, deen de Concours zesumme mat RTL a Maison Moderne organiséiert.

"Dës Zeremonie ass de Moment, fir déi kreativ Exzellenz an der Pub ze feieren", ënnersträicht de Christophe Goossens, CEO vun RTL Lëtzebuerg, "déi beschte Projeten auszezeechnen an déi kollektiv Aarbecht vun den Ekippen unzëerkennen."

Am Ganze goufen 130 Projete vun 23 Agencen a 7 Annonceuren agereecht. De Jury huet dorausser 45 Finalisten ausgewielt, déi schonns dat Bescht vun de Kreatioune representéieren. Et gi fënnef Kategorien: "Image Campaign", "Brand Activation", "Non Profit Campaign", "One Shot / Top Topical" an "Event / Live Experience".

D'Remise des prix fënnt a Präsens vum Minister des Classes Moyennes, dem Här Lex Delles, am Tramsschapp am Kader vun engem Gala-Dinner statt. De Mike Koedinger, CEO vu Maison Moderne, Editeur vum Paperjam an Delano, füügt dobäi: "Et ass en neit Event, wat all zwee Joer stattfanne wäert. Et ass e privilegiéierte Moment, an deem sech d'Annonceuren, Agencen an d'Medien austausche kënnen".

D'Leo Awards gi vum Ministère de l'Economie ënnerstëtzt. Et si just nach e puer Plaze fräi, also reservéiert elo  ënnert www.Leo22.lu