D'lescht Woch huet de Lëtzebuerger Premier zu Bréissel deklaréiert, datt d’Regierung an der Atomenergie-Fro eng nei Richtung aschloe wëllt. De Fernand Fehlen ass entsat, iwwer dëse plëtzleche Revirement.

Virun elo bal fofzeg Joer sollt en Atomkraaftwierk zu Rëmersche gebaut ginn. Dee Projet ass net realiséiert ginn, well sech deemools vill Mënsche mat gudden Argumenter gewiert hunn. Säitdeem gëtt et en nationale politesche Konsens géint d'Atomenergie. An elo kënnt de Luc Frieden a seet d'läscht Woch zu Bréissel, datt hien "manner ideologesch a méi zukunftsorientéiert" un d'Atomkraaft wëllt erugoen.

Dobäi gëtt all Dag méi kloer, datt d'Atomkraaft keng Zukunft huet: De weltwäiten Undeel un erneierbaren Energie steigt permanent, iwwerdeems dee vu fossillen an nuklearen Energien ofhëlt. Et erweist sech ëmmer méi, datt den Atomstroum méi deier, wéi dee vun den Erneierbaren ass, esou guer wann een déi net chiffréierbar Zukunftskäschten vu Réckbau an Endlagerung net berücksichtegt.

Ausserdeem – an dat ass d'Doudschlagargument fir jiddereen, deem d'Zukunft vun onse Kanner a Kandskanner net egal ass –gëtt et bis haut nach keen zefriddestellend Konzept fir d'Endlagerung vum radioaktiven Offall.
Länner, déi sech an eng Ofhängegkeet vun dëser Energie verrannt hunn, oder Startuppen, déi hir Neientwécklungen gäre mat Staatssubventiounen finanzéiere wëllen, hunn natierlech Interessi fir dës Tatsaachen ze verleegnen. Mee firwat, elo ons Regierung?

D'pronuklear Astellung ass en neien Triggerpunkt am politeschen Diskurs vun de konservative Kräften, fir e veronséchert Elektorat, u sech ze bannen. Wann d'Kopplabunze vum Klima schonn net méi ze leegne sinn, da versprécht Kärkraaft, dës ouni grouss Ännerungen am Alldag an de Grëff ze kréien. Esou huet z.B. Fokus sech a sengem Walprogramm géint eng Verdäiwelung vun der Atomkraaft ausgeschwat. An d'ADR bezeechent an hirem Programm d'Atomenergie an esou guer d'Atomfusiounsenergie, déi bis haut nach kee gemeeschtert huet, als "steierbaart, disponibelt a bezuelbaart Réckgrat" vun enger zukünfteger Energieversuergung. Steierbar ass d'Zauberwuert vun alle Populisten. Oder Take back control, wéi d'Unhänger vum Brexit gesot hunn.

D'Erfarung léiert datt d'Parteie vun der Mëtt net gewanne kënnen, wann se den Argumenter vun de Populisten nolafen. Dëst gëllt fir d'Heescheverbued an och fir eng kontrafaktesch Vue vun der Atomkraaft.