4775 Ënnerschrëften huet d'Petitioun 3176 kritt, déi de 4. November an der Chamber virgedroe gouf: si huet zum Zil, de Smartphone generell an der Enceinte vun der Schoul ze verbidden. Petitioune leien am Trend. Dozou eng Carte Blanche vum Gaston Ternes.

Petitioune sinn u sech positiv: si ginn dem engagéierte Bierger d’Méiglechkeet seng Meenung ëffentlech ze soen an zwar an der Chamber, deem Gremium vu gewielte Vertrieder, déi an eiser parlamentarescher Demokratie fir eis decidéieren.

Carte Blanche vum Gaston Ternes

Eng Fro geet mir awer duerch de Kapp: gëtt et nach just schwaarz oder wäiss, ouni Tëschen-Nuancen? Déi rezent Diskussioun iwwert de generellen Handyverbuet an der Schoul deet mech nodenken: Geet et ewell duer a Saache “Bildung” mat “gutt” oder “schlecht” z’äntweren? Et mécht kee Sënn, den Handy total ze verbidden; genau esou mécht et kee Sënn, den Handy ëmmer an iwwerall zouzeloossen! D’Thema passt einfach net an eng binär Schinn an een Null oder Eent. “Medie musse geléiert ginn, net verdäiwelt”, esou sot et rezent de Psychiater Serge Tisseron. Medie brauche Reegelen, déi esouwuel an der Famill wéi och an der Schoul trainéiert musse ginn.

A Schoulfroen ass et däers “Gutt oder schlecht” deslescht bal nëmme méi: international oder Lëtzebuerger Schoulen, zum Beispill, ouni d’Geleeënheet ze notzen, fir ee systemateschen Echange iwwert “best practices”!
Jidderee kann haut direkt matschwätzen, dacks nëmmen iwwert en “Daum héich” oder en “Daum erof”, oder och iwwert en Emoji séier ee Gefill lassginn. D’Nuancë bleiwen op der Streck. D’Komplexitéit vun der Fro gëtt ausgeklammert. Kee Sichen no engem Kompromëss. Firwat deen Trend an eiser Zäit …?

Ee Grond si sécher d’"Filter bubbles", déi esouwuel an den Internet-Sichmaschinne wéi och an de soziale Medien omnipresent sinn. Eis News gi gefiltert. Si ginn op eise Profil zougeschnidden. Mir gesi just nach eesäiteg Kommentaren an Informatiounen, déi genau eisen Interessien entspriechen; d’Géigesäit spillt den Algorithmus eis net zou.
Wann Dir nëmme mat Ärer eegener Meenung konfrontéiert sidd, ëmmer just bestätegt gitt, da wunnt Dir an enger komfortabeler Meenungsblos. Gewarnt hat eis schonn 2011 den amerikaneschen Aktivist Eli Pariser a sengem Buch “The Filter Bubble: What the Internet is hiding from you.”

Meng Ufanksfro werft nei Froen op: Toleréiere mir einfach, dass récksiichtslos Internet- a Social-Media-Big-Player all Meenungsvillfalt um Altor vun hirem Profit opferen? Wär et net Zäit fir ee Géigesteieren duerch eng konsequent Opklärung zum Fonctionnement vun de Filterblosen an duerch en aktiven Training vum “Debating”, am beschten am selwechte reelle Raum?