
Resilienz, dat ass e Wuert, dat mir ëmmer méi dacks héieren. Mee wat bedeit et eigentlech? Resilienz ass d'Fäegkeet, Krisen net nëmmen ze iwwerstoen, mee sech unzepassen, a sech weider z'entwéckelen. Nohalteg, gerecht an demokratesch.
Fir d’EU ass Resilienz dowéinst net just eng Reaktioun op Krisen, mee eng Zort Kompass fir d'Politik. An do stellt sech eng einfach Fro: Wat hu mir eigentlech aus de leschte Krise geléiert?
Aus der Pandemie, aus Energiekrisen, aus Kricher? Si mir haut besser preparéiert op dat, wat nach kënnt?
Kucke mir e puer konkret Beispiller.
Mir sinn haut am Alldag immens ofhängeg vu groussen Tech-Firmen, déi meeschtens ausserhalb vun der EU sinn. Microsoft, Apple, ChatGPT an aner KI-Tools, si maachen eis d'Liewe méi einfach, mir schaffe méi séier, méi effizient. Mee wat, wann dat eng Kéier net méi esou funktionéiert? Si mir drop virbereet? Maache mir eis schonn nees ofhängeg?
Dat selwecht gëllt fir d'Energietransitioun. Mir wëllen onofhängeg vun Ueleg ginn, mee gläichzäiteg maache mir eis ofhängeg vun anere Rohstoffer fir d‘Batterien, déi meeschtens net aus Europa kommen. Wat, wann déi net méi geliwwert kënne ginn?
An och eise Gesondheetssystem: D’Pandemie huet eis gewisen, wéi fragil en ass.
Mir rekrutéieren nach ëmmer massiv Personal aus der Groussregioun. Doduerch geréit an de Grenzregiounen d'Versuergung selwer ënner Drock. An dat geet souwäit, dass d‘Frontalieren dann op de Lëtzebuerger Gesondheetssystem zeréckgräife mussen, well hir Urgencen a Cabineten zou maachen.
Dat ass net nohalteg an net gerecht.
Dobäi kommen nach déi laangfristeg Erausfuerderungen: Eis Gesellschaft gëtt méi al, Famillje méi kleng, an ëmmer méi Leit schaffen. Wien iwwerhëlt dann d'Betreiung? Déi sougenannt “Care-Arbecht”?
Vill Familljen, meeschtens Fraen, maachen dat haut schonn, mat vill Engagement. Mee si ginn oft vergiess a brauchen eigentlech méi medezinesch an fleegeresch Ënnerstëtzung, an zwar do wou et ukënnt - doheem. Well chronesch krank Leit ginn nach ze dacks an d'Spidol ageliwwert, obwuel dat mat enger besserer, virausschauender Versuergung doheem, hätt kënne verhënnert ginn. An dat belaascht Mënsch a System.
Dowéinst gouf op der Quadripartite elo eppes decidéiert: Sue spueren andeems d'Leit méi fréi aus dem Spidol entlooss solle ginn. Mee d'Strukturen dobausse sinn net drop virbereet. An de Mënsch geréit nees an den Hannergrond.
Well kënnen déi Betraffen sech net gutt ob extern Rdv’en deplacéieren, wa se keng Famill hunn, Problemer ausserhalb vu regulären Ëffnungszäiten optrieden oder den Hausdokter, verständlecherweis, net direkt aus sengem Cabinet heemkommen kann, da bleift dacks just nach eng Léisung: d'Ambulanz ruffen.
Fir esou Problemer unzegoen, gouf mat der EU dowéinst en "Plan de resilience" ausgeschafft. Lëtzebuerg krut 600.000 € zur Verfügung gestallt, fir d'Roll vun den Infirmièren ze iwwerschaffen, fir de System méi resilient ze maachen.
Mee eng wichteg Chance gouf verpasst: nämlech ze analyséieren, wéi een onneideg Hospitalisatiounen kann verhënneren, andeems d‘Kompetenzen tëscht Dokteren an Infirmièren besser verdeelt kënne ginn, fir hinnen ze erlaben mat sou Situatiounen ëmzegoen.
Amplaz waren d'Basis, op der definéiert gouf, wat zur eegestänneger Aufgab vun der Infirmière gehéiert an wat net, politesch Aushandlungsprozesser, déi ze oft mat Suen ze dinn haten.
A wa mir en resiliente Gesondheetssystem wëllen, dee fir d'Leit an net fir d'eegen Täsch vun den Anbieter do ass, da muss dat neit Gesetz geännert ginn. Am September soll dat dann elo geschéien. Mir bleiwen um Ball a setzen op eng Politik mat engem resilienten Kompass.