
Wann den Entertainment méi wichteg ass wéi de Futtball, zum Gléck awer net heiheem
En Donneschdeg fänkt d’Futtballweltmeescherschaft a Mexiko, a Kanada an an den USA un. En Tournoi, deen alt nees weist, dass den eigentleche faire Sport ëmmer méi an den Hannergrond geréit. No de sougenannten enhanced games, bei deenen d'Participante gedoppt un de Start gaange sinn, beweist och d’FIFA, dass de Business an den Entertainment iwwert dem eigentleche Sport stinn.
Eng Tendenz, déi sech zanter 2016 ënnert dem President Infantino nach verschäerft huet. Esou sinn des Kéier 48 amplaz 32 Natiounen dobäi: Dat heescht méi Matcher, also méi Televisiounsrechter, méi Sponsoring, méi Publicitéit: am ganzen 12 bis 13 Milliarden Dollar, d'Hallschent méi wéi déi lescht Kéier.
Fir méi Recetten duerch Reklamme suergen och déi verlängert Paus an der Hallschent an déi zwou sougenannten Drénkpausen. De Geschäftsmodell ass awer och an zemol d'Garantie fir den Infantino, fir um Pouvoir ze bleiwen. Méi Recette bedeite méi Suen, fir un déi national Verbänn ze verdeelen. Also méi Support aus den eenzele Memberlänner, wann de President gewielt gëtt. Et sief drun erënnert, datt dem Infantino säi Gehalt antëscht bei 5,3 Milliounen Dollar d'Joer läit.
D’FIFA selwer bedeelegt sech weider u Sportswashing vu Staaten, déi mat Hëllef vum Futtball hiren Image wëlle verbesseren. Am November dat lescht Joer huet den Entwécklungsfong vu Saudi-Arabien e weidere Partenariat vun enger Milliard Dollar mat der FIFA ënnerschriwwen. Do ass et da keen Zoufall, datt d’WM 2034 a Saudi-Arabien gespillt gëtt. Net méi spéit wéi zejoert hat ee schonn e méi Joreskontrakt vu ronn 11 Milliarden Dollar mat Armaco ënnerschriwwen, der nationaler Pëtrolsgesellschaft aus - eben - Saudi-Arabien.
Iwwerdeems ka sech kaum en eigentleche Futtballsupporter nach en Entréesbillet leeschten. Dat geet esou wäit, datt d'Procureure vu Kalifornien, New York a New Jersey dowéinst eng Enquête géint d'FIFA opgemaach hunn.
Den Arrière-Goût, dee bleift, ass deen, datt et just nach ëm Geld geet.
Ech si frou, dass heiheem e Veräin bewisen huet, dass net nëmmen d'Sue wichteg sinn, mee dass ee muss déi richteg sportlech a fair Astellung hu mam Asaz vun de Spiller, den Trainer, den Dirigeants, de Bénévolen an de Spectateuren. D'Ekipp vum FC Atert Bissen huet et fäerdegbruecht, nationale Futtballchampion ze ginn. Felicitatiounen. Mir kënnen all houfreg sinn, dass hei de Sport nach am Mëttelpunkt steet.