Carte blanche vum Magali PaulusZesummenhalt: Wat, wien, wéi, wou a firwat?

Magali Paulus
Nodeems Zesummenhalt d'Wuert vum Mount Mee war an dëse Mee dee wäermsten, dee jeemools gemooss gouf, stellt d'Magali Paulus sech Froen, wat Zesummenhalt bedeit, mat a fir wien, wéi a wou e fonctionéiert a firwat en iwwerhaapt wichteg ass.
© RTL

Si schafft fir CELL an ass engagéiert beim Zentrum fir politesch Bildung an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

Eng Carte blanche vum Magali Paulus

Zanter dem 19. Mee ass Zesummenhalt dat neit Wuert, dat eis Politik an eis Natioun beschreiwe soll. Dat neit Wuert vum neie Luc. Wann et 16 Mol gesot gëtt, wäert et scho Wierklechkeet ginn. Et geet awer net duer, e Wuert oft ze widderhuelen, mer missten eis och mam Wuert beschäftegen an et an Aktioun setzen, et liewen. Wat bedeit Zesummenhalt aus menger intersectionneller internationalistescher Perspektiv?

D’Basis vum Zesummenhalt ass géigesäiteg Hëllef. Déi fänkt domat un, dass mer eise Besoin, fir zesummen ze sinn an zesummen ze schaffen, erkennen. Et ass e Prozess, deen implizéiert, dass mer mateneen a Relatioun trieden a Vertrauensbezéiungen opbauen. Et bedeit een*t fir den aneren an dat anert do ze sinn. Zesummenhalt geet net vun enger "gudder Dot" aus, mee et bedeit, d’Lutte vum aneren als Deel vun eiser eegener ze betruechten an ëmgedréint. An enger Welt, wou Konkurrenz déi iewescht Prioritéit ass, och tëschent deene verschiddene Lutten, ass dëst e Paradigmewiessel. Zesummenhalt huet keen Zentrum, mee wierkt a vill Richtungen, ouni dobäi d’Ënnerscheeder an d’Muechtverhältnisser, déi eis prägen, ze verwëschen.

Déi éischt Form vu géigesäiteger Hëllef ass materiell, dat, wat mer a Latäinamerika Minga nennen. Et si verschidde Forme vun gemeinsamer Notzung vun Aufgaben a Ressourcen, déi fir gemeinschaftlech Aarbechten a Constructiounen néideg sinn: en Haus plënneren, e Feld kultivéieren, e Gebai opriichten. D’Minga ass, wa Persounen, Noperen a Gemeinschaften zesummeschaffen an anengems d’Freed, d’Convivialitéit, d’Zesummekommen an d’Erliefnes vun der kollektiver Kraaft deelen. Déi zweet Form ass de Relais vu Stëmme vu Persounen a Gruppen, déi diskriminéiert ginn a sech am Alldag wieren. Dofir musse mer kënne kommunizéieren, Informatiounen deelen a se an aner Kontexter iwwersetzen. Duerno geet et drëm, Ënnerstëtzungsaktiounen ze koordinéieren. Déi drëtt Form ass d’Aktioun: eng Waffefirma blockéieren, fir anzwousch d’Intensitéit vun de Bombardementer ze reduzéieren, eng Multinational hei ënner Drock setzen, fir do hir extraktivistesch Projeten ze gefäerden an och déi ëffentlech Meenung beaflossen. Op deene verschiddene Plaze vum Liewen, der Aarbecht, der Bildung, der Fräizäit an dem Engagement aktiv ginn, fir Gerechtegkeet ze schafen an deene moralesch Ënnerstëtzung ze bidden, déi um Rand vun der Gesellschaft kämpfen. Zesummenhalt ass de Motor vum Internationalismus. Lokal Luttë kënnen, wa se sech international opmaachen, global Handlungsfäegkeet géint Muecht- a Geldreseauen, déi keng Grenzen kennen, entwéckelen.

Gutt, dass de Premier vun Zesummenhalt geschwat huet, mee wéini hu mer an eiser "Natioun" mat all hire Memberen (Awunner a Frontalieren, Lëtzebuerger an Auslänner, Jonker an Aler, Fraen, aner Minoritéiten a Männer, Aarmer a Räicher ….) en Dialog iwwert Zesummenhalt?

Sourcen:
Les peuples veulent, Révolutions de notre temps: manifeste internationaliste, Zones, 2025

Back to Top
CIM LOGO