
D’lescht Woch huet de Bildungsminister ugekënnegt, datt déi frankophon Offer am Secondaire an an der Beruffsausbildung verstäerkt gëtt. Eng Rëtsch nei frankophon Septième komme bäi an am Secondaire général ginn et esouguer ganz nei frankophone Sektiounen. Dëst ass natierlech primär eng Reaktioun op de Wandel vun der Schülerpopulatioun, mee et kann een doranner och schonn eng Preparatioun op déi nei Generatioun vu Primärschoulkanner gesinn, déi elo am Hierscht hir Alphabetiséierung op Franséisch ufänken.
De Projet Alpha, deen elo dës Rentrée ëmgesat gëtt, gesäit zwar fir, datt nom Fondamental d’Kanner vun der däitscher an déi vun der franséischer Alphabetiséierungsfilière dee selwechten Nivo an deenen zwou Sproochen hunn, mee dëst wäert héchstwarscheinlech e fromme Wonsch bleiwen. Laang Joren ass jo och d’Familiariséiere mam Lëtzebuergeschen an der Spillschoul als Bréckenfunktioun fir déi däitsch Alphabetiséierung ugesi ginn, ier d’Uni nogewisen huet, datt dës net de Fall ass. Leider huet de Ministère net ofgewaart bis d’Pilotklasse vum neie System deen éischte ganze Sechsjoreszyklus hannert sech bruecht hunn, esou datt elo eng ganz Schülergeneratioun zum Versuchskanéngche gëtt.
Déi Franséisch Alphabetiséierung ass d’Äntwert op eng Fuerderung, déi viru fofzeg Joer op den Dësch komm ass, si ass awer net déi eenzeg Ännerung, déi de Projet Alpha aféiert. Eng zweet Ännerung huet manner Stëbs opgewirbelt, si ass awer nach méi fundamental an d’Äntwert op e Wandel, deen nom zweete Weltkrich ugefaangen huet, nämlech datt Lëtzebuergesch ëmmer manner als “Mundart” ugesi ginn ass. Och wann et bis elo nach keng approfondéiert historesch Etüd doriwwer gëtt, kann ee mat enger gewësser Plausibilitéit dovun ausgoen, datt zanter där Zäit de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen als Unterrichtssproch an der Primärschoul zouhëlt.
De beschten Indiz dofir sinn déi vill Lettre ciruclaire vum Ministère, déi dëse Gebrauch aschränke wëllen: Ugefaangen nom Krich, wéi d’Lëtzebuergesch als “Patois” bezeechent ginn ass. Eréischt 2004 mat der Ministesch Mady Delvaux-Stehres ass de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen ëmmer méi acceptéiert ginn an elo gëtt e mam Projet Alpha zur Haaptunterrechtssprooch gemaach an déi eenzeg Fächer, déi nach op Däitsch bzw. Franséisch enseignéiert solle ginn, sinn déi jeeweileg Sproochen an d’Rechnen.
Op gewollt oder ongewollt: de Projet ALPHA ass paradoxerweis e weidere wichtege Schrëtt um Wee vum Lëtzebuergesche vun engem däitschen Dialekt zu enger moderner Standardsprooch.