Walgesetzännerung

© RTL-Grafik
De Premier hat d’Parteie gefrot, Reformpropose fir d’Walrecht ze maachen an d’lescht Woch hu se an engem éischten Tour de Table an der Commission des Institutions hir Wonschlëschte virgestallt.
De Fernand Fehlen, deen zënter den 90er Jore vill zu deem Theema publizéiert huet,* wollt och säi Pefferkär dozou bäidroen.
Fir ze verstoen, firwat eng Walrechtsreform esou schwéier ass, musse mer mam Haaptgrond dofir ufänken: D’Chamber ass no deem aktuell gültege Walrecht gewielt ginn, dat déi grouss Parteie bevirdeelegt. Och déi eenzel Deputéiert sinn duerch deen aktuelle Walmodus, mat sengem Panachage a senge Walbezierksandeelunge gewielt ginn, an all Ännerung riskéiert, hir Chancen ze verklengeren. Déi kleng Parteien, déi am meeschten ze gewannen hätten, hunn net de Poids fir eppes ze beweegen. De Status quo ass besonnesch festzementéiert, well vill technesch Detailer an d’Verfassung selwer ageschriwwe sinn, déi nëmme mat enger Zwee-Drëttel-Majoritéit ka geännert ginn.
Am Artikel 63 ass zum Beispill d’Zuel vun den Deputéierten, d’Dauer vun der Legislaturperiod, d’Zuel an den Découpage vun de Walbezierker festgehalen. Paradoxerweis steet d’helleg Kou vun onsem System, de Panachage, net an der Verfassung, dofir awer d’Rechereegel vun der Sëtzverdeelung.
Bei dëser handelt et sech em eng komplizéiert Prozedur aus dem 19. Joerhonnert, déi déi grouss Parteie favoriséiert an dofir no an no iwwerall op der Welt duerch eng méi equilibréiert, einfach an intuitiv Walarithmetik ersat ginn ass: No där kritt d’Partei, déi dee gréisste Rescht hannert dem Komma huet, de Sëtz.
Fir esou eng reng technesch mathematesch Reform brauch et allerdéngs och eng Zwee-Drëttel-Majoritéit, also d’Stëmme vun der CSV, där eenzeger Partei, déi am Laf vun der Zäit systematesch dovu profitéiert huet. De Premier a Parteipresident Luc Frieden kënnt seng Statur als Staatsmann beweisen, wann en dës reng mathematesch Ongerechtegkeet aus der Welt schafe géif.
Am sënnvollste wär et bei dëser Geleeënheet all Detailer aus der Verfassung ze suppriméieren a nëmmen en allgemenge Grondsaz dranzeschreiwen. Zum Beispill: “Les députés sont élus sur la base du suffrage universel pur et simple, au scrutin de liste, suivant les règles de la représentation proportionnelle.”
Dono kënnt d’Chamber da mat enger einfacher Majoritéit iwwer aner Reformen nodenken. Et ass méiglech eng Circonscription unique mat dem Panachage ze combinéieren, ouni datt d’Wielerinnen an d’Wieler 60 Kräizer ze verdeele kréien. Esou Modeller gëtt et z. B. zu Bremen an Hamburg.
* Fehlen (1993): Le Panachage ou le fonctionnement du champ politique luxembourgeois. https://www.forum.lu/article/le-panachage/ Fehlen (2019): Ist unser Wahlsystem gerecht? https://orbilu.uni.lu/handle/10993/50190