
Nee, mir hu kee Putin a keen Trump, déi d'Zivilgesellschaft wëlle kriminaliséieren a verbidden. An awer ass och an eisem Land d'Stëmmung grad am Beräich vun den ASBLen, den "associations sans but lucratif", net déi bescht.
Mir liewen an enger Zäit vu Multikrisen. Grad elo ginn d'AkteurInnen aus der Zivilgesellschaft méi wéi jee gebraucht. Si hu séier a flexibel Strategien, fir Problemer unzepaken, ier se richteg grouss ginn. Firwat fille se sech dann ausgerechent elo onnéidege Schikanen ausgesat?
Mir schwätzen hei net vum allgemenge Rollback op europäeschem Niveau. Ënnert der aktueller Kommissioun gëtt der Zivilgesellschaft massiv de Krunn zougedréit an d'Matsproochméiglechkeeten ageschränkt.
Dëst Thema gouf hei scho behandelt. Et wäert leider och an Zukunft nach dacks de Sujet vun esou engem Bäitrag musse sinn.
Hei soll et ëm ee méi spezifeschen, vläicht typesch lëtzebuergeschen Aspekt goen. Aus dem Land vun de kuerze Weeër hu mir eis zu engem Staat mat méiglechst komplizéierte Prozeduren entwéckelt. De "gesonde Mënscheverstand" stéisst ëmmer méi op seng Grenzen.
Jo, ASBLe ginn och mat Suen ëm. An ëmmer méi schaffe se mat ëffentleche Gelder. Do ass Kontroll sécher wichteg. Wann d'Kontroll awer esou ugeluecht ass, datt d'Aktivitéite scho blockéiert ginn, ier se iwwerhaapt ufänken, da kann do eppes net stëmmen.
Ee Beispill ass den Zougang zu Bankkonten a Bankaktivitéiten. Et gi sécher schwaarz Schof am Beräich vun den ASBLen. Konstrukter, wou gefälschten ASBLe fir den Transfert vun illegale Gelder mëssbraucht ginn, sinn och zu Lëtzebuerg denkbar.
Wat awer elo geschitt: All Kéier wann eng ASBL sech grënnt an eng Bankverbindung brauch, oder eng bestoend ASBL eng nei wëll opmaachen oder Suen an ee méi oder wéineger verdächtegt Krisegebitt wëll transferéieren, ass et praktesch un hinnen ze beweisen, datt si alles an d'Wee geleet hunn, fir datt iwwer si keng kriminell Transaktiounen oflafen.
Dat ass, wéi wann een als Autofuerer moies, ier een den Auto aus der Garage hëlt, misst e Formulaire ausfëllen, an deem ee soll beweisen, datt ee wierklech just wollt vun A op B fueren, an net wëlles hat, op der nächster Kräizung Amok ze fueren.
D'Beispill ass sécher iwwerdriwwen. D'Gefill, dat déi betraffe Responsabel aus den ASBLen hunn, ass awer esou änlech. Als Administrateur vun enger ASBL opfert een an der Reegel seng Fräizäit, an dréit ganz dacks och wesentlech zur Finanzéierung vu senger Organisatioun bäi – an huet dann och nach d'Gefill, mat engem Been am Prisong ze stoen...
Wann dat Beispill mam Autofuere wierklech géif antrieden, wier een éischten Effekt sécherlech eng enorm Verkéiersberouegung. Well Formulairen ausfëllen, ass eng Saach, se dann och nach un de richtege Mann oder déi richteg Fra ze bréngen – am beschte per LuxTrust a PDF-A – eng aner.
Vläicht sollte mir als Administrateure vun ASBLen de Spiiss emol einfach ëmdréien, an an e Streik antrieden an eis net weider kriminaliséiere loossen. Da wäerte mir gesinn, wat alles am Ländchen ouni eis vill gefrot Ënnerschrëften dann net méi leeft.