
De 4. Juli 2026 feieren d'Vereenegt Staate vun Amerika den 250. Anniversaire vun hirer Onofhängegkeet. D'Onofhängegkeetserklärung vu 1776 markéiert d'Gebuert vun enger neier Natioun an den Ufank vun enger Revolutioun, déi d'Welt nohalteg verännert huet. Si war net nëmmen eng Ofso vum brittesche Kinnekräich, mee virun allem den Ausdrock vun den Iddie vun der Opklärung.
Nieft dem englesche Philosoph John Locke, dee mat senge Gedanken iwwer natierlech Rechter an d'Zoustëmmung vun de Regéierte groussen Afloss op d'Onofhängegkeetserklärung hat, hunn och déi franséisch Opklärungsphilosophen d'Grënnung vun den USA gepräägt.
Montesquieu huet d'Gewaltentrennung formuléiert, Voltaire d'Meenungsfräiheet verdeedegt an de Jean-Jacques Rousseau d'Souveränitéit vum Vollek an de Mëttelpunkt gestallt. D'Verfassung, déi 1787 ausgeschafft gouf a 1789 a Kraaft getrueden ass, huet dës Prinzippien dauerhaft an de staatlechen Institutioune verankert.
D'Onofhängegkeetserklärung an d'Verfassung hunn d'Fräiheet, d'Rechtsstaatlechkeet, d'Gewaltentrennung an de Schutz vun de Grondrechter zum Kompass vun enger jonker Natioun gemaach.
D'Realitéit war zwar net ëmmer am Aklang mat dësen Idealer. Sklaverei, Ausgrenzung an Diskriminatioun gehéieren och zu dëser Geschicht. Mä d'Kraaft vun enger Demokratie läit doran, sech ëmmer nees selwer a Fro ze stellen an no Verbesserung ze striewen.
Och Lëtzebuerg deelt dës Fräiheetsrechter. Eist Land ass op Demokratie, Rechtsstaatlechkeet a Respekt virun de Mënscherechter opgebaut. Eis Bezéiunge mat den USA ginn zeréck bis an d'Auswanderung vu ville Lëtzebuerger am 19. Joerhonnert a sinn haut duerch enk wirtschaftlech, wëssenschaftlech a politesch Partnerschafte gepräägt.
D'Jubiläum kënnt awer zu engem Zäitpunkt, wou d'amerikanesch Demokratie op eng haart Prouf gestallt gëtt. Déi staark Polariséierung, d'Diskussiounen iwwer d'Roll vun den Institutiounen an d'Grenze vun der exekutiver Muecht weisen, datt och eng bal 250 Joer al Verfassung net immun géint Spannungen ass. Eng Verfassung eleng garantéiert keng Demokratie. Si lieft dovun, datt Politiker, Geriichter, Medien a Bierger bereet sinn, hire Geescht an hir Prinzippien ze respektéieren an ze verdeedegen.
Vläicht ass dat déi wichtegst Erkenntnis vun dësem Jubiläum. Fräiheet, Demokratie a Rechtsstaatlechkeet si keng Selbstverständlechkeet. Si mussen an all Zäit nei erkläert, nei gelieft an nei verdeedegt ginn. Dat gëllt fir d'USA, mee genee esou fir Europa a fir Lëtzebuerg.
250 Joer no der Onofhängegkeet ass d'Botschaft vun 1776 nach ëmmer aktuell: Fräiheet lieft net vun der Vergaangenheet, mee vun de Mënschen, déi all Dag bereet sinn, si ze schützen!