Carte blanche vum Nico HoffmannKeng einfach d’Zäiten fir d’Konsumenten

Nico Hoffmann
Trotz dem Accord an der Tripartite bleiwen et nach ëmmer schwiereg Zäite fir munch Verbraucher a Stéit. Virun allem wat d'Kafkraaft ubelaangt, wou ënnert anerem d'Präisser vum deegleche Bedarf, wéi Energie, Liewensmëttel a Logement kräfteg an d'Luucht gaange sinn, seet de laangjärege President an Éierepresident Nico Hoffmann vum Konsumenteschutz a senger Carte blanche.
© RTL

Eng Carte blanche vum Nico Hoffmann

Jo effektiv sinn et fir ganz vill Konsumenten a Stéit keng einfach Zäiten. Trotz dem Kompromëss an der Dräier-Ronn bleift et nach wie vor ganz schwiereg mat dem Mindestloun, klenge Gehälter a Renten all Mount iwwert d'Ronnen ze kommen. Och wann den Accord sécherlech ze begréissen ass, bleift et fir vill Konsumenten en Dram fir een dezent Liewen ze féieren an all hir Depensen ze stemmen.

Duerfir hätt ee missten den Akzent nach méi op déi kléng Akommesse leeën, wéi z.B. d'Erofsetze vun der TVA op den Alldagsprodukter, wéi Liewensmëttel, Fraisen an Taxe fir d'Wunnen, oder méi eng grouss Ënnerstëtzung vun den Energiepräisser, amplaz just déi symbolesch Reduktiounen ze decidéieren.

Och wann ëmmer nees déi Mesure fir déi fossil Energien a Froe gestallt ginn, stellt sech grad do d‘Fro, ob net och déi Konsumente mat engem kléngen Akommes e Recht op zousätzlech Subsiden hunn? An dat well si Schwieregkeeten hunn, trotz de staatlechen Hëllefen, iwwerhaapt an d'Energiewend, wéi Renovatiounen, Elektroauto, Wärmepompel oder Fotovoltaik z‘investéieren. D'Zil sollt et jo sinn, fir d'Kafkraaft ze stäerken an d'Inflatioun ze bremsen. Wéi dacks hu mir vum Finanzminister dee Sproch vu méi Netto vum Brutto héieren?

En anere Beräich betrëfft de Konjunktur-Crédit d’impôt an d‘Upasse vun der Steiertabell un d'Inflatioun, wou nach ëmmer en Ausgläich vun 2,5 Indextranchë virzehuele sinn. A wann et 2028 zu der Aféierung vun enger eenheetlecher Steiertabell kënnt, wäerten sech nach sou munch Verbraucher wonneren. Och wann déi meescht Konsumente bei der Steierreform méi gënschteg ewech kommen, sou wäerten der awer och sou etlech zu de Perdante gehéieren.

Am Géigesaz kënnt et nach zu enger weiderer Stäerkung vum sougenannte Mëttelstandsbockel, amplaz deen Hiwwel emol méi flaach ze zéien. Hei ass een nämlech zimmlech séier um maximalen Taux vun 42 Prozent ukomm. Beim Spëtzesteiersaz kéint een emol deen een oder anere Prozentsaz drop leeën, ouni dass et engem géif wéi doen. Well et muss ee wëssen, dass a ville Länner de Spëtzesteiersaz bei 52 Prozent, an nach méi héich, läit.

Virun allem déi Leit mat engem klengen Akommes kéinte bei enger weiderer Upassung ënnert anerem vun der Steiertabell un d'Inflatioun, zum Beliewe vu Wirtschaft an Handwierk bäidroen. Well déi Theorie, dass den Index oder eng Erhéijung vum Mindestloun just e Käschtepunkt fir d'Betriber wier, stëmmt esou net.

Da kéinte sech vill Konsumenten a Stéit och emol erlaben, um wirtschaftlechen, sozialen a kulturelle Liewen deelzehuelen. Mee leider geschitt am soziale Beräich nach ëmmer ze wéineg a sou munch Leit riskéieren, trotz alle Mesuren, an der Aarmut ze landen.

Back to Top
CIM LOGO