Carte blanche vum Jean-Luc ThillVun der Konscht, näischt ze maachen

Jean-Luc Thill
Wéini hutt Dir Iech fir d'lescht emol wierklech gelangweilt? Oder nach méi einfach: Wéini hutt Dir fir d'lescht emol näischt gemaach? Net geschafft, mee wierklech näischt. Einfach do gesiess, ouni Iech direkt mat eppes Neiem ze beschäftegen. Ouni direkt op den Handy ze kucken, ouni no enger Oflenkung ze sichen. Einfach emol näischt. Dozou eng Carte blanche vum Jean-Luc Thill.
© RTL Grafik

"Näischt maachen" – fir déi eng den Zoustand vum héchste Gléck, fir déi aner d'Cliché vum Beamten – ass eigentlech dat, wat de Mënsch am schlechtste kann. Wann et heescht: "Haut gëtt näischt gemaach", ass meeschtens "haut gëtt net geschafft" gemengt.

Dobäi denke mer meeschtens net un "näischt maachen", mä éischter u Sport, Frënn treffen, Concerten a Serië kucken oder um Handy scrollen. An éier mir eis versinn hunn, ass eise Kalenner nees genee esou voll wéi wärend der Aarbechtswoch.

Mee tëscht "näischt maachen" a "maachen, wat ech wëll" läit e wichtegen Ënnerscheed. Déi meescht vun eis wëllen net näischt maachen. Si wëllen éischter fräi sinn, fir kënnen ze maachen, wat si wëllen.

Feststelle léisst sech dat och bei ville Pensionären. Net well si näischt maachen, mee well si endlech maache kënnen, wat si wëllen. An awer héiert een ausgerechent vun hinnen dacks de Saz: "Ech hu fir näischt Zäit."

Och aner gesellschaftlech Beräicher wéi d'Politik wëllen sech net virwerfe loossen, näischt ze maachen. Konsequenz dovun ass heiansdo e blannen Aktivismus, bei deem net ëmmer kloer ass, wat eigentlech verbessert soll ginn.

A grad do kënnt d'Langweil an d'Spill. Soubal näischt méi op eis waart, schénge mir se kaum nach auszehalen. Wär fréier "shoppen" ee beléiften Auswee, fir sech ze beschäftegen, huet haut de Smartphone dës Roll iwwerholl. E puer Videoen op TikTok, e Bléck op Instagram oder an d'Noriichten – an déi kleng Paus ass schonn nees gefëllt.

Dobäi gewinnt sech eist Gehier ëmmer méi un déi kuerz Reizer. All puer Sekonne kënnt en neit Bild, en neie Video oder eng nei Geschicht. Eis Opmierksamkeet gëtt ëmmer méi kuerz, an d'Rou gëtt bal zu eppes Ongewinntem.

Dat hu vill vun eis och wärend der rezenter Canicule gemierkt. Wéi d'Hëtzt vill Aktivitéite bal onméiglech gemaach huet, ware mir op eemol dozou verflicht, méi roueg ze maachen. Mä amplaz d'Rou einfach emol auszehalen, hu vill direkt no enger neier Oflenkung gesicht a Gesellschaft vun hirem neie Klimagerät.

Schlussendlech stellen Experte fest, wéi schlëmm et ëm eis Kanner a Jugendlech steet, well si Langweil als Erfarung ëmmer manner kennen. Wéi och, wa si bal keng Geleeënheet méi kréien, fir einfach "näischt ze maachen"? Oder wéini souzt Dir fir d'lescht do, näischt ze maachen: kee Smartphone, kee Wifi, keng Zeitung, kee Radio, keng Tëlee an och ee Buch– kuerz: eleng, ganz eleng mat Iech an Äre Gedanken?

D’Summervakanz steet elo virun der Dier. Vläicht ass si eng Geleeënheet, sech erëm emol Zäit ze huelen – net just fir dat ze maachen, wat ee wëll, mee och fir emol näischt ze maachen. Den Aristoteles huet dës fräi Zäit "scholé" genannt – e Wuert, aus deem spéider esouguer eis "Schoul" entstanen ass. Dat ass bal e Paradox: Ausgerechent d'Schoul huet hire sproochlechen Ursprong an der Muße. Fir den Aristoteles war si keng verluer Zäit, mee d'Viraussetzung, fir nozedenken, ze léieren an als Mënsch ze wuessen. Vläicht ass Langweil nämlech net de Géigendeel vum Gléck oder e Feeler, deen esou séier wéi méiglech muss verschwannen. Vläicht ass si éischter d'Dier zu där Rou, an där eis Gedanken erëm ufänken, hiren eegene Wee ze goen. Respektiv den Ufank vun enger Iddi, op dee mir am Kaméidi vum Alldag ni komm wieren - Langweil als Viraussetzung vu Kreativitéit. Dat also, wat d'Literatur "Muße" nennt an d'Philosophie allgemeng als "Kontemplatioun" bezeechent – dëst "näischt maachen" muss wuel erëm geléiert ginn.

Carte blanche vum Jean-Luc Thill

Back to Top
CIM LOGO