Lëtzebuerg: en agille Laboratoire fir intelligent an innovativ Konzeptioune fir eise Cadre de vie
 
                    Eng Carte Blanche vum Pierre Hurt, Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI).
Lëtzebuerg huet ëmmer eng grouss kulturell Diversitéit ugezunn, wat nei Besoinen an der Entwécklung vum gebaute Raum geschaf huet. Dësen Opschwong huet wéi en echten Inkubator fir de Wuesstem vun der Bauindustrie an de leschte Joerzéngte gewierkt. Mee den aktuelle Mille-feuille vu Reglementer a Prozedure blockéiert eis.
1. Mir mussen de gesetzlechen, administrativen a prozedurale Kader ofspecken, vereinfachen an digitaliséieren, fir méi kreative Potenzial vun den Architekten an Ingenieuren ze erlaben. Mir sinn um richtege Wee, mee d'global Strategie muss nach méi koherent, iwwergräifend verstäerkt ginn. D'OAI, mat der staarker Ënnerstëtzung vu ville Memberen, hëlt aktiv deel an den offiziellen Aarbechtsgruppen zur administrativer Vereinfachung (national Bautereglement…).
2. D'Marchés publics sinn de Motor vun eiser Ekonomie an hunn eng exemplaresch Virreiderroll. No enger detailléierter Programmatioun soll eng fair a gerecht Prozedur gewielt ginn, fir eng Missioun de Confiance un onofhängeg Concepteuren ze ginn!
Mir schaffen dru fir en einfachen, standardiséierten a respektvolle Kader opzestellen, deen d'Spezifizitéite vun den OAI-Beruffer respektéiert, eng qualitéitsbaséiert Selektioun garantéiert an och de klenge Büroen (mat 5 oder manner Persounen, déi 74 % vun den OAI-Memberen ausmaachen) den Zougang zu ëffentleche Marchéen erméiglecht.
3. Parallel dozou proposéiert d'OAI e faire kontraktuelle Kader MOAI.lu (Maîtrise d’œuvre), deen duerch de CRTI-B standardiséiert gëtt, deen de ganze Bauprozess vereinfacht an d'Aarbecht vun all den Acteure strukturéiert.
4. Schlussendlech wäert de Projet vum neien OAI-Gesetz de fundamentale Prinzip vun der berufflecher Onofhängegkeet nach méi staark verankeren, fir datt d'Majoritéit vum Kapital an den Hänn vun onofhängege Konzepteure bleift. An dësem Kontext passt d'OAI-Charta perfekt zur Natur vun de reglementéierten OAI-Beruffer. Hir Deontologie definéiert eng gesellschaftlech Vertrauensmissioun, déi d'Interesse vun de Bauhären, den Notzer an dem allgemenge Wuel equilibréiert.
Dës Charta stellt d'Koncepteuren an de Mëttelpunkt vum néidege Wandel, fir op déi ekologesch, ekonomesch, kulturell a gesellschaftlech Erausfuerderunge vun haut a muer ze äntweren. Loosst eis hinnen d'Vertraue ginn!
Méi Informatioun:
https://www.oai.lu/fr/26/accueil/mediatheque/documentation/1-mode-news-id-5344/
www.oai.lu; www.moai.lu; www.qbs.lu; www.guideoai.lu; www.bhp.lu; www.architectour.lu
Pierre Hurt, Direkter OAI
 
                     
                     
                     
                    