De beschte Premier, deen et jee gouf

De Luc Frieden ass geschwënn den neie Premierminister. Am Commentaire haut mengt de Fränz Aulner, datt de Luc Frieden dee beschte Premier wäert sinn, deen d’Land jee hat.
Wéi gutt d’CSV-DP Regierung mat engem Luc Frieden un der Spëtzt a 5 Joer wäert bewäert ginn, dat hänkt natierlech vum Point de Vue of. Déi nei Regierung steet nach net, mee d’Compositioun vum Aarbechtsgrupp "Logement" deit schonn drop hin, datt d’Acteuren am Immobiliësecteur op jiddwer Fall hir Wënsch erfëllt kréien. Mat Leit u Bord, déi selwer Promoteure sinn oder waren, wäerte steierlech Virdeeler de privaten Invest an d’Konstruktioun nees dopen, d’CSV an DP Gemengen endlech konstruktiv matspillen, déi lästeg Prozeduren endlech op e Minimum ofgebaut ginn an endlech nees méi gebaut ginn. Jo ok, ouni Verméigenssteier wäerten der puer sech warscheinlech nach méi beräicheren ewéi bis elo, mee wann a puer Joer tatsächlech jidderee sech nees eng Wunneng hei am Land ka leeschten, dann ass jiddereen happy ? A wann net dann ass den Aarbechtsgrupp fir de Kampf géint d’Aarmut do, fir déi Ausgeschloss opzefänken. Donieft ass d’DP jo och nach do fir dat Soziaalt an dat Ekologescht vun de leschte Joren ze verdeedegen. Déi Liberal kënne jo net déi gréng Wieler, déi dës Kéier d’DP gewielt hunn, enttäuschen.
Jo, de finanziellen Handlungsspillraum vum Staat ass begrenzt. De leschten Zuelen no ass de Budgetsdefizit déi nächst Jore méi déif ewéi erwaart – tiens ? – an d’Wirtschaft wäert manner wuessen - tiens donc ? Mee grad esou gutt vläicht! Dem Luc Frieden seng versprache Steierreform mat méi Netto vum Brutto fir jidderee géing riskéieren, d’Ongläichheeten ze verschäerfen. Donieft géing méi Kafkraaft fir jidderee viraussetzen, datt d’Ekonomie ëmmer weider muss wuessen an dat am Endeffekt ëmmer op Käschte vun Exploitatioun vun Aarbecht, Ressourcen an deemno d’Ëmwelt, hei am Land an am Ausland.
Net just de Klima brennt, mee och d’Welt tout court. Déi lescht Joren hu gewisen, ewéi Krisen ewéi Zich eng déi aner verstoppe kennen. D’Zukunft ass global extrem ongewëss an d’wirtschaftlech a budgetär Previsioune ganz schlecht. Den Handlungsspillraum ass kleng, mee d’Gefor, datt den Zesummenhalt an der Gesellschaft nach weider ofhëlt, grouss. Op éischte Bléck muss d’CSV net jiddereen zefriddestellen, fir a 5 Joer erëmgewielt ze ginn. Mee d’Liewensqualitéit – och vun den Happy few - hänkt um Enn och dovunner of, ewéi et deenen anere geet.
An deem Sënn kann een also just hoffen, datt de Luc Frieden a 5 Joer vu jidderengem ugesi gëtt ewéi de beschte Premier, deen d’Land jee hat. An net just aus der Siicht vun de Promoteuren.