D‘Anne Wolff kuckt a sengem Commentaire op déi massiv Protester an Däitschland a gesäit doran eng Chance, der Spléckung vun der Gesellschaft an dem Trend no riets eppes entgéint ze setzen.

D'Biller aus Däitschland aus de leschte Woche sinn impressionant: Honnertdausende Leit stinn an der Keelt, maachen hir Handysluuchten un, eng kleng Luucht géint déi grouss Angscht virum Rietsruck.

Commentaire vum Anne Wolff

Dat nodeems Fonctionnaire vun der AfD an zwee Membere vun de Chrëscht-Demokraten sech heemlech mat Neonazie getraff hunn. D'Thema war graff gesot, "Auslänner raus". Ënnert dem Begrëff "Remigratioun" goufen hei Nazi-Ideologien diskutéiert: Déi däitsch Natioun soll sech deemno net vermëschen, jiddereen dee kee "rengen" Däitschen ass muss goen.

Doropshin ass aus éischte spontane lokalen a klenge Protester eng richteg Massebeweegung ginn: 900.000 Leit sinn eleng op engem Weekend géint Rietsextremismus op Strooss gaangen.

Virun den Europawalen an de verschiddenen Landtagswalen an Däitschland kann dat eng Chance sinn, dem Trend no riets an der Spléckung vun der Gesellschaft eppes entgéint ze setzen. Fir d‘éischte Kéier zanter Juli läit d‘Alternative für Deutschland elo ënnert 20 Prozent, wann och mat 19 Prozent just ganz knapps. Wéi vill deen ee Prozentpunkt wierklech ausseet, bleift ze hannerfroen. Och ass weiderhin net kloer, wéi ee mat der AfD verfuere soll, ob se verbuede gi soll oder net.

Ma vläicht gëtt duerch déi Maniffen engem Deel vun de sougenannte Protestwieler bewosst, wie si mat hirer Stëmm do eigentlech ënnerstëtze géingen. Bestëmmt steet och deen een oder anere Wieler do, deen net d’Accord ass mat der aktueller Politik, dee sech suerge mécht ëm Migratioun, Integratioun a Flüchtlingen, mee sech glécklecherweis net mat den Iddie vun der AfD identifizéiert. Déi Leit dierfen och weider net un de rietsextreme Bord verluer goen, well se sech an der politescher Debatt net gehéiert oder net representéiert fillen.

Leit mat enger Migratiounsgeschicht gesinn, dass sech déi vill zitéiert a bis dato passiv Mëtt vun der Gesellschaft fir si asetzt an op d’Strooss geet, net nëmme géint d'AfD, mee fir hir Demokratie.

D‘Demonstrante sinn déi haart Géigestëmm vun enger Partei, déi behaapt, fir d‘Vollek ze schwätzen. Si stinn zesummen, wou d'Ampel-Regierung sech an interne Streidereien zerfleescht an d'CDU vum Friedrich Merz probéiert, Oppositioun ze maachen andeems se Iddien a Begrëffer vun enger AfD opgräift. D'Politik steet elo virun enger Mass vu Wieler, déi ganz kloer gemaach hunn, dass Rassismus an Extremismus keng Alternative fir Däitschland sinn, an déi däerfen net am Ree stoe gelooss ginn.